
En Donneschdeg de Moien géint 9 Auer huet e Chauffer, dee vu Conter an Direktioun Izeg ënnerwee war, an enger Kéier d'Kontroll um ëmstriddenen CR226 verluer. De Won huet e puer Beem ze pake kritt.
Et ass net deen éischten Accident bei kalen Temperaturen, bei deene jo vill Stroossen alt emol riskéiere glat ze sinn. Ma genee dës Streck tëscht Conter an Izeg hat an der lescht awer fir méi Diskussioune gesuergt, nodeems e Schëld opgestallt gouf, dat drop hiweist, dass et verbueden ass, bei Schnéi a Glatäis do ze fueren. Och eng parlamentaresch Fro vum Hesper Buergermeeschter Marc Lies un den zoustännege Minister Bausch huet de Problem net geléist.

RTL NEWS: Vill oppe Froe ronderëm Stroossen, déi net gestreet ginn