Working Poor - Sujet an der ChamberAn der Lutte géint Aarmut gëtt heiheem net genuch gemaach

Jean-Marc Sturm
Dat huet och de Politmonitor dës Woch confirméiert. Nëmme 24 % vun de Leit mengen, dass d'Regierung op deem Plang eng gutt Aarbecht geleescht huet.

66 % ginn do eng méi schlecht Zensur. D’Working Poor waren en Donneschdeg Sujet an der Chamber. Et ginn och heiheem Leit, déi all Dag schaffe ginn, awer um Enn vum Mount d’Enner nëmme mat Krämpes oder och alt emol guer net beienee kréien.

2021 waren 13,5 % vun de Leit am Land als “Working Poor” unzegesinn. Dat heescht, d’Leit sinn trotz Aarbecht ënnert der Aarmutsgrenz, vun Deelzäitaarbecht guer net ze schwätzen esou d’Myriam Cecchetti vun déi Lénk, déi de Sujet op den Ordre du Jour bruecht huet. Déi ëmmer méi deier Logementskäschten an de Steiersystem géifen den Noutstand an d’Ongläichheeten nach méi akut maachen.

De Paul Galles CSV huet bedauert, dass d’Aarbecht net méi Garant ass, fir uerdentlech kënnen ze liewen.

Déi Concernéiert misste virop bei de Logementskäschte besser gehollef kréien. Och de Steiersystem misst méi gerecht ginn.

Fir d’Carole Hartmann (DP) ass d’Lutte géint Aarmut een Defi deen aktuell ass a bleift.

“Fir de Problem vun de Working Poor gëtt et net déi Eng an och keng einfach Léisung, mä et ginn duerchaus Stellschrauwen un deenen een dréine kann....vill gutt Mesure goufe vun dëser Regierung geholl, déi nächst Regierung muss do weiderfueren”.

Carole Hartmann

Fir den Dan Kersch (LSAP) ass de Phénomène “Working Poor” esou al wéi eise Wirtschaftssystem.

“Wéi seet de Lëtzebuerger: Et kann ee sech dréine wéi ee wëll, den Hënner bleift ëmmer hannen. Dat ass och esou bei der Bekämpfung vum Working-Poor-Phenomen, deen esou enk mat der Lounpolitik verbonnen ass wéi zwee Siamesesch Zwillingen... Déi Lounpolitik bleift leider ee vun de grousse Sträitpunkten tëscht Patronat a Salariat”.

Dan Kersch

Och vum Dan Kersch war et ee Plaidoyer fir eng méi gerecht Steierpolitik.

Dass et “Working Poor” gëtt ass fir de Sven Clement (Piraten) eppes Aarmséileges fir d’Politik zu Lëtzebuerg.

Den neie Familljeminister Max Hahn huet de Reproche net gëlle gelooss, dass d’Regierung déi ganz Problematik net eescht géif huelen.

“Et intresséiert eis alleguer an et ass ganz einfach wichteg, fir och déi ganz Diskussioun ronderëm ze versaachlechen, an ze kucken, wou een nach dat eent oder anert kann am Sënn vun de Sozialschwaache verbesseren.”

Max Hahn

Sujet um Krautmaart war och de Chômage

Do sinn däischter Wolleken iwwert dem Bausecteur. Et muss een dervunner ausgoen, dass et nom kollektiv Congé vill Faillitte gëtt, mat enger deementspriechender Hausse vu Leit ouni Schaff.

D’Fédération des Artisans an d’Chambre des Métiers d’Situatioun gesinn ee ganze Beruffsstand a Gefor. Et gëtt e Plan de Maintien dans l’Emploi fir déi ronn 20.000 Leit aus dem Gros-Oeuvre ausgeschafft, well et fir vill Firme ganz enk gëtt a Faillitte carrément Dausenden Aarbechtsplaze menacéieren.

D’Handwierkerfederatioun an d’Handwierkskummer informéieren um Freideg d’Ëffentlechkeet.

Back to Top
CIM LOGO