Present waren duerfir alleguer d’Zaldoten, d’zivil an d’militäresch Gefierer an natierlech och d’Leit vum CGDIS, déi och de nächste Freideg beim Defilé derbäi sinn. D’Opstellung vun den Truppen an den Defilé vun allen Gefierer geschitt genee d’selwecht wéi et och op Nationalfeierdag de Fall ass.
Fir d’Dauer vun der Übung war d’Strooss net just fir d’Autoen, mee och fir den ëffentlechen Transport laanscht déi Streck gespaart.
Op Nationalfeierdag selwer gëtt et nieft der Militärparad och nach een Iwwerfluch vu Militärfligeren tëscht Mëttes 12 an 13Auer. Virdrun ass d’zivil Zeremonie an der Philharmonie um 23. Juni.
Wéinst dem Prouwe vum Iwwerfluch vun de Militärmaschinnen ass de Lëtzebuerger Loftraum wärend e puer Stonnen e Méindeg, um 22. an dem 23. Juni gespaart. Dat gëllt fir ausgewisen Zonen och fir Dronen.