
An enger Hal hat géint 2.30 Auer an der Nuecht de Moteur vun engem Bus gebrannt. Mataarbechter hunn ugefaangen ze läschen an domat verhënnert, datt d’Feier sech ausbreet. Dat huet de CGDIS eis confirméiert. Eng Rei Pompjeescorpse vu ronderëm koumen op d’Plaz an de Bus gouf erausbruecht. Weder d’Hal, nach weider Gefierer goufe beschiedegt. 3 Mataarbechter koume fir eng Kontroll an d’Spidol. Et soll sech ëm e Bus mat engem Verbrennungsmotor gehandelt hunn, sou de CGDIS.
Am Asaz waren d’Pompjeeë vu Kanech, Mutfert, Fluessweiler, Réimech an der Stad, grad ewéi Ambulanze vum Findel a vu Réimech.
E Méindeg de Moien, kuerz virun 8 Auer, sinn op der A13 Héicht Fréiseng zwee Autoen net laanschtenee komm. Eng Persoun gouf verwonnt.