
Iwwer déi genee Ursaach vum Feier leien nach keng offiziell Informatioune vir.
Geschitt ass dat Ganzt op engem Schantjen an der Rue du Moulin.
Et kéint sinn, esou housch et e Méindeg den Owend spéit op der Plaz, datt eng Waasserleitung, déi wéinst den niddregen Temperature gefruer war, sollt entäist ginn; dobäi wier dann de Malheur geschitt.
Den Entrepreneur war och op der Plaz, well nach eppes opgerappt huet musse ginn.