SAMU am AsazAn der Stad gouf eng Persoun vun engem Bus ugestouss
De SAMU huet um Freideg missen an den Asaz, well an der rue du Mercier an der Stad eng Persoun vun engem Bus ugestouss a blesséiert gi war.
Den Accident war kuerz virun 13.30 Auer. Am Trafic-Info vum ACL war ze liesen, dass bis kuerz viru 15 Auer d’Strooss op där Plaz blockéiert war.