
An enger Kéier war d'Automobilistin fir d'éischt op d'Géigespur geroden a krut do eng Mauer aus Sandsteng ze paken. De Choc war därmoossen hefteg, dass de Won sech iwwerschloen huet an e puer Meter um Daach iwwert d'Fuerbunn gerëtscht ass.
Zwou Persoune goufe liicht verwonnt. Si goufe vun de fräiwëllege Pompjeeë vu Miersch a Noumer gebuergen.

Weider mellt de CGDIS nach en Accident géint 18 Auer zu Déifferdeng. En Auto war hei an direkt e puer geparkte Ween gerannt. Eng Persoun gouf verwonnt.