Bei Lux-Airport gëtt sech schonn op déi éischt Arrivée aus China virbereet. Ëmmerhi wäerte bis zu 314 Passagéier gläichzäiteg duerch d’Passkontroll musse goen. Déi chineesesch Airline “China Southern” wëll domat elo dat a Musek ëmsetzen, wat scho viru ronn 10 Joer am Gespréich war: eng direkt Linn tëscht dem internationale Flughafen Zhengzhou a Lëtzebuerg.
An dat ass keen Zoufall. D’Lienen a China si schonn an der Entrée um Findel net z’iwwersinn. Richteg etabléiert goufe se viru ronn 10 Joer. De chineeseschen Investment-Grupp HNCA keeft deemools 35 Prozent vun der Lëtzebuerger Cargofluchgesellschaft. Den internationale Fluchhafen zu Zhengzhou an der Provënz Henan – e risege multimodalen Logistik-Zenter – gëtt zanterhier e puer mol d’Woch vun der Cargolux ugeflunn.
De fréieren Transportminister François Bausch sot deemools 2014: “Déi Zesummenaarbecht klappt wierklech extrem gutt. Dat ass fir d’Cargolux sécherlech eng ganz gutt Affär.”
Eleng an den éischten 8 Méint vum Joer 2021 waren et 466 Vollen. D’Iddi fir och direkt Passagéiervollen tëscht Zhengzhou a Lëtzebuerg z’organiséieren, läit no an ass net nei. Zéngdausenden chineesesch Touriste sinn all Joers och am Grand-Duché, dausende Chineese komme geschäftlech. Bis ewell dacks iwwer Amsterdam oder Frankfurt.
Firwat déi direkt Linn elo réischt a grad elo zustane kënnt, ass schwéier ze soen. Corona ka gebremst hunn. Op alle Fall ass HNCA och e groussen Aktionär bei der “China Southern”, déi op Lëtzebuerg fléie soll. Den 21. Dezember owes soll déi éischt Maschinn um Findel ukommen. Den Dag drop ass e Retour, deen och fir Touristen interessant ka sinn. Vu Zhengzhou ass een och séier zu Shanghai, zum Beispill. Den Automobilclub organiséiert schonn eng Rees fir seng Memberen.
Firwat et bis ewell keng Annonce vun offizieller Säit gëtt?
Eng méiglech Explikatioun: déi chineesesch Airline kéint jo nach ofsprangen, wann et net rentabel wär, gëtt ee bei Lux-Airport ze bedenken. Och wann een hei mat der Arrivée rechent, wéi den Direkter vu Lux-Airport Alexander Flassak seet:
“Mir schaffen effektiv zanter e puer Méint mat der Airline zesummen, mam Buedempersonal, mat der Douane an der Police, fir déi Volle ze preparéieren an dofir prett ze sinn.”
Ëmmerhi soll bis Mäerz eemol d’Woch en Airbus A350-900 hin an hier fléien. Ausgebucht wären dat 314 Passagéier, déi duerch dee klengen Net-Schengen Beräich um Findel misste goen, erkläert den Alexander Flassak:
“Déi Slotten, déi elo gewielt goufen, sinn donneschdes owes a freides am fréien Nomëtteg. Dat sinn Zäitspanen, an deene keen aneren Net-Schenge Vol ukënnt oder decoléiert. Wann alles dem Plang no leeft, dass dat deen eenzege Vol an der Zäit. Dat ass dann och mat Waardezäite verbonne, well de Visa an d’Päss kontrolléiert musse ginn, mir sinn zouversiichtlech, dass dat gutt iwwer d’Bün goe kann.”
Um Fluchhafe freet ee sech op déi Offer. Et wäert bei wäitem dee längste Vol sinn, dee vum Findel fort geet, respektiv hei ukënnt. Gutt 10 Stonne fir a China. Gutt 11 fir zeréck. An dat hei den aktuell bëllegsten Aller-Retour: 975 Euro.