Am Sënn vun der EnergietransitiounAn Europa solle Lithium-Raffinerië gebaut ginn

RTL Lëtzebuerg
Déi Lëtzebuerger Entreprise Livista Energy plangt de Bau vun zwou esou Ariichtungen an Europa. Am Grand-Duché soll ee Centre d'excellence entstoen.
© AFP

Livista Energy, eng Entreprise mat Sëtz zu Lëtzebuerg, plangt de Bau vun zwou Lithium-Raffinerien an Europa. Domat wëlle si d’Produktiounskette fir Autosbatterien an Europa vervollstännegen an zur Energietransitioun bäidroen. Zu Lëtzebuerg soll d’Recherche gemaach ginn.

Fir d’Energietransitioun: An Europa solle Lithium-Raffinerie gebaut ginn

De Jean-Marc Ichbia vun Livista Energy seet: “Mir mengen, datt Lëtzebuerg déi ideal Plaz ass, fir e Centre d’excellence opzebauen. Mir wëllen eis Recherche an eis Laboen hei implantéieren, dat an Zesummenaarbecht mam List an der Uni.

D’Firma plangt och Recherche-Chairen ze finanzéieren, déi sollen dru fuerschen, wéi d’Lithium-Produktioun an d’Batterien iwwerhaapt kënne verbessert ginn. Ëm de Joreswiessel sollen d’Pläng fir den Ekipement vun de Laboen an d’Fuerschungsprogrammer gemaach ginn.

D’Constructioun vun den zwou europäesche Raffinerien op bis elo nach geheime Sitte wäert ëm eng Milliard Euro kaschten. Déi wëll Livista duerch Prête bei Banke finanzéieren a sicht och Investisseuren.

D’Sitte solle méiglechst durabel sinn an esou mann wéi méiglech Zäregasen emittéieren. “Eis éischt Fabrick wäert bal zu 100 Prozent mat Stroum vun engem Offshore-Wandpark alimentéiert ginn.

Iwwer d’Hallschent vum Besoin u Gas, deen esou eng Raffinerie huet, fir d’Iewen ze heizen, soll duerch selwer sur place produzéierten Hydrogen couvréiert ginn.

Lithium kann een aus Äerz, aus Salzlaugen an aus dem Recyclage vun ale Batterië gewannen. “Mir wëllen eis mat eise Fabricken op de Raffinage vu recycléiertem Lithium konzentréieren.

De Besoin fir Lithium wäert an deenen nächste Joren immens klammen. Bis 2040 soll déi weltwäit Produktioun vun Elektroautoe vun elo 10 Milliounen d’Joer op 33 bis 40 Milliounen d’Joer eropgoen.

Eleng fir Europa ginn déi nämmlecht Quantitéite Lithium gebraucht wéi haut weltwäit an et gëtt haut keng Raffinerie an Europa.

Dat sinn ëm 500.000 Tonnen. De Moment gëtt all Lithium, deen an europäesch Batterië verbaut gëtt, an Asien raffinéiert. Dofir warnt de Jean-Marc Ichbia: “Et muss een haut reagéieren, wann ee kee Retard wëll kréien an déi ekonomesch an energeetesch Transitioun wëllt assuréieren, ouni komplett ofhängeg vun Asien ze sinn.

Wann d’Situatioun tëscht China an Taiwan géif eskaléieren, kéint dat zu änleche Situatioune féiere wéi mam russesche Gas am Ukrain-Krich, gëtt hien ze bedenken.

Mee da steet d’Produktiounschaîne a Milliounen Aarbechter sinn am Arrêt, well eis een eenzegt kritescht Mineral feelt fir an d’Batterien.

Déi zwou Raffinerië vu Livista solle kënne Lithium fir 1,7 Milliounen Elektroautoe produzéieren. Och aner Entreprisë sinn am Gaangen, Kapazitéite fir de Raffinage vu Lithium an Europa ze entwéckelen. Mee de Jean-Marc Ichbia fäert d’Konkurrenz net, seet hien. Éischtens well d’Demande esou grouss wäert sinn, datt genuch Plaz um Marché ass an zweetens well doduerch d’Entwécklung vun Technologië wäert weidergedriwwe ginn.

Back to Top
CIM LOGO