Deontologieskommissioun gefuerdert"An Zéro" a "Foreign Affairs": D'ADR gesäit e Mëssstand beim Filmfong

RTL Lëtzebuerg
Präzis kritiséiert d'ADR an engem oppene Bréif, datt Membere vun der Regierung sech mat Steiergelder vum Filmfong an Evidenz gesat hunn.
© En Zero

Am Film "Foreign Affairs" vun 2015 wier den LSAP-Ausseminister Jean Asselborn duergestallt an am rezente Film "An Zéro" kréichen déi Gréng Ministere Carole Dieschbourg a Claude Turmes eng Plattform.

Béid Produktioune wiere vum staatleche Filmfong finanziell ënnerstëtzt ginn, esou d'ADR, déi et bedenklech fënnt, datt hei Regierungsmembere sech géinge profiléieren, via eng Plattform, déi mat Steiergelder finanzéiert gëtt.

An engem oppene Bréif un de Staatsminister Xavier Bettel fuerdert d'ADR d 'Deontologieskommissioun ze saiséieren. Ënnerschriwwe gouf dee Bréif vum President vum parlamentaresche Grupp Fernand Kartheiser a vum Parteipresident Jean Schoos.

PDF: De ganze Bréif

Back to Top
CIM LOGO