Mord um Ana LopesAnalyse vun den DNA-Spueren net eendeiteg

RTL Lëtzebuerg
Ëm DNA, déi op engem Stéck Scotch net wäit vum ausgebrannten Auto vum Ana Lopes ewech fonnt gi war, goung et am Mordprozess um Stater Geriicht.

3 DNA-Experte goufen dee Moment mat hiren zum Deel ënnerschiddlechen Aussoen dozou konfrontéiert!

E Schwäizer Expert, deen am Optrag vun den Affekote vum Beschëllegte geschafft huet, war nämlech zu eppes anere Konklusioune komm, wéi e franséischen an eng lëtzebuergesch Expert.

Mord um Ana Lopes viru Geriicht / Eric Ewald

A senger Analys vun de Rapporte vun deenen zwee aneren Experten huet deen aus der Schwäiz virun allem festgehalen, dass en indirekte Kontakt méiglech wär, spréch, dass d'Ana Lopes d'DNA vum gemeinsame Bouf oder vum Ugekloten hätt kënnen op dat Kliefband iwwerdroen. Absënns de franséischen Expert war dogéint der Meenung, dee Kontakt hätt missen direkt sinn, dat heet vun engem männleche Member vun der Famill vum Beschëllegten op de Scotch.

Fir de Schwäizer Expert kéint awer och eng aner Persoun dat Kliefband manipuléiert hunn. A sengen Aen hätt, bei engem direkte Kontakt, och méi DNA misse fonnt ginn. Op d'Remark hi vun der Presidentin vum Geriicht, dass näischt dofir schwätzt, dass de Bouf d'Band ugepaakt hätt, sot de Schwäizer Expert, dass dat awer méiglech wär. Woubäi och d'lëtzebuergesch Expert vun enger schwaacher Probabilitéit vum Iwwerdroe vun der DNA vum Bouf ausgeet an et dem franséischen Expert no schwéier ass, un en indirekte Kontakt ze gleewen.

Souguer wann d'Warscheinlechkeet vun engem indirekte Kontakt zimmlech schwaach ass, wär eng Iwwerdroung vun der DNA vum Bouf oder vum Ugekloten iwwert d'Affer awer dran, huet de Schwäizer Expert ënnerstrach. Et wär schwéier, eng Hypothees par Rapport zu enger anerer ze favoriséieren. Wouropshin d'Riichterin gefrot huet, ob dat da manner schwéier wär, wann den Auteur vun der Dot Händschen ugehat, sech beréiert an d'DNA sou iwwerdroen hätt. Dat wären awer vill Suppositiounen, huet de Schwäizer Expert fonnt. „Am aneren Zenario och!“, war d'Äntwert vun der Presidentin vum Geriicht dorop. En indirekte Kontakt wär och eng Erklärung dofir, sou de Schwäizer Expert, dass zwou männlech DNAe fonnt goufen. D'Warscheinlechkeet vun engem indirekte Kontakt wär allzäit net null.

Dëse Prozess gëtt en Dënschdeg virun.

Back to Top
CIM LOGO