Invité vun der Redaktioun (23. Oktober)André Roeltgen: Hausse vum Mindestloun a Budgetsprojet

RTL Lëtzebuerg
Invité e Méindeg de Moien um 10 op 8 war den OGBL-President André Roeltgen.
VIDEO: Invité vun der Redaktioun: André Roeltgen
Invité e Méindeg de Moien um 10 op 8 war den OGBL-President André Roeltgen.

De Mindestloun wier héije Quatsch, sot e Samschdeg de President vun der Unioun vun den Entreprisen, de Michel Wurth. Hie war e Samschdeg eisen Invité am Background.

E Méindeg de Moien war déi aner Säit bei eis am Interview, de OGBL-President André Roeltgen. An dee kontert, dass sou eng Hausse dréngend an absolut legitim wier.

Invité e Méindeg de Moien um 10 op 8 war den OGBL-President André Roeltgen.

De President vun der gréisster Gewerkschaft am Land huet erkläert, datt d'Produktivitéitsgewënner, déi hei am Land gemaach ginn, méi gerecht musse verdeelt ginn. De Michel Wurth huet un d'Politik verwisen, déi misst mat sozialen Transfert den Ausgläich maachen. Hei géif et awer mol fir d'éischt ëm d'Lounpolitik goen, sou den André Roeltgen.

Den André Roeltgen

De Staat muss déi Leit, déi net vill hunn, nach zousätzlech ënnerstëtzen. Den OGBL begréisst d'Verbesserungen, déi déi aktuell Regierung zB fir d'Famille mécht, mä et dierft een och net vergiessen, wou een hierkënnt, datt do virdru Saache gekierzt goufen.

Dat, wat elo kënnt, géif nach net duergoen, fir derfir ze suergen, datt d'Inegalitéiten ofhuelen, seet den OGBL-President André Roeltgen.

Wat de Budget fir d'nächst Joer ugeet, wënscht den OGBL sech nach weider Investitiounen. Eng restriktiv Spuerpolitik wär elo komplett falsch, fënnt den André Roeltgen. Am Euroraum hätt een e Spillraum vun -0.5 Defizit, dat géif bedeiten, dass hei zu Lëtzebuerg nach méi eng expansiv Budegetspoliti9k gefouert ginn an dat heescht, et misst nach méi an d'Sozialpolitik investéiert ginn.

Den André Roeltgen (Extrait 1)

D’Allocation de vie chère soll ugepasst ginn, fuerdert och den OGBL. Well déi net indexéiert ass, hätt déi sech an de leschte Joren ëm 16% entwäert. D’Familljeministesch Corinne Cahen seet, si hätt der Regierung proposéiert, d’Kannergeld net méi matanzerechnen. Iwwer 2.100 Famille géifen dovunner profitéieren. Dat wär eng selektiv Sozialpolitik. Dat geet awer net duer, seet den André Roeltgen.

Den André Roeltgen (Extrait 2)

Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis donneschdes um 10 op 8 op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op der App ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.

BACKGROUND am Gespréich mam Michel Wurth.
LIVESTREAM: RTL Radio Lëtzebuerg live lauschteren.
Back to Top
CIM LOGO