
De Lëtzebuerger Georges Rassel ass net méi Generaldirekter vu Paul Wurth, dat hat RTL schonn e Freideg de Moie matgedeelt. Hie gëtt ersat duerch den Däitschen André Schneider, dee parallel dozou och europäesche Chef vum SMS Group gëtt, dem Proprietär vu Paul Wurth.
De Georges Rassel kritt an engem Communiqué Merci fir säin Engagement gesot. Hien ass zënter bal 30 Joer bei Paul Wurth an ass zënter 2015 Generaldirekter, deemools hat hien de Marc Solvi ersat, dee 17 Joer laang de Chef vu Paul Wurth war.

De Successeur André Schneider kuckt op eng laang Karriär bannent dem SMS Group zeréck. Den Däitsche wäert de Fokus op gréng Stolprojete leeën, heescht et vun SMS.
Nodeems den däitsche Grupp SMS virun 10 Joer ewell 59% vun de Parte bei Paul Wurth iwwerholl hat, huet de Staat virun 2 Joer och seng Aktië verkaf, sou datt SMS zu 100% Proprietär ass vum Lëtzebuerger Betrib. Bei Paul Wurth, engem vun de Leadere fir d’Installatioun vun Héichiewen a Schmelzen, schaffen op Sitten an 20 Länner eng 1.900 Leit.
1870 war Paul Wurth als “Kesselfabrick” zu Hollerech gegrënnt ginn, do wou och den neie Siège vun der Firma gebaut gëtt. Den däitschen SMS-Grupp zielt weltwäit eng 15.000 Salariéen.

D’Gewerkschaften LCGB an OGBL soe sech erstaunt driwwer, datt de Georges Rassel versat gouf. D’Mataarbechter wiere schockéiert. Hei géingen Engagementer net agehale ginn. De Sozialdialog am Betrib wier a Gefor, heescht et an engem Communiqué. D’Syndikater verlaangen d’urgence eng Reunioun, fir méi iwwer d’Hannergrënn vun der Versetzung vum Direkter gewuer ze ginn.
RTL-NEWS: Wiessel un der Spëtzt bei Paul Wurth S.A.