Gläichstellung tëscht Fra a MannAniméierte Chamber-Debat iwwert den Aktiounsplang

Tim Morizet
Lynn Kayser
128 Mesuren aus dem Aktiounsplang goufen oder sinn nach am Gaangen, fir ëmgesat ze ginn. Et gouf awer och fill Fuerderungen no Verbesserungen.
© AFP (Archiv)

Mam Ofschloss vun der leschter Period, déi iwwer déi 3 lescht Joer gelaf ass, goufe sech en Donneschdeg an der Chamber d'Froe gestallt: Wat war gutt, wou brauch ee Kritik a wat kënnt als nächst?

Gläichstellung tëscht Fra a Mann / Reportage Tim Morizet

Et wär ee sech de groussen Hürde bewosst, fir d'Rechter vun der Fra op een Niveau mat deem vum Mann ze kréien, esou d'Chancëgläichheetsministesch Taina Bofferding: Mir wësse wou de Schong dréckt. Mir wëssen, datt bei de leschte Wale wéineg Fraen an dëst Haus hei gewielt goufen. Mir wëssen, datt Representativitéit vu Fraen a Männer an de Prise de Position an de Verwaltungsréit alles anescht ewéi ausgeglach ass. Mir wëssen, dass de Sexismus am Alldag keng Seelenheet ass, a mir wëssen, datt Gewalt an Ënnerdréckung och hei am Land e Problem sinn.

93,7%, dat sinn 128 Mesuren aus dem Aktiounsplang, déi ëmgesat goufen oder am Prozess sinn, fir ëmgesat ze ginn. Et wiere vill verschidden néi Virschléi erakomm: et geet vun individuellen Aarbechtszäit-Modeller, iwwer Formatiounen, bis bei d'Ausschaffe vun néie Gesetzer. Weider wier d'Zesummenaarbecht mat de Gemenge wichteg. Se wieren en direkte Partner fir d'Egalitéit um lokale Plang.

Ma Fuerderunge fir Verbesserunge koume genuch. E méi flexibele Congé parental gouf dacks genannt. Ma virun allem géifen Zuelen zu Lëtzebuerg feelen. Den LSAP-Deputéierten Dan Biancalana: Datt eng ëmfaassend Datenerhierwung an alle Beräicher gemaach gëtt, fir e Gesamtbild ze kréien, a fir Resultater an der Gläichstellungspolitik reegelméisseg miessen a bewäerten ze kënnen. Mir brauche qualitativ a quantitativ Donnéeën a Statistiken.

Réckewand kritt hien hei och vun der grénger Deputéierter Djuna Bernard: Eng ganz rei Länner dokumentéiere systematesch Femiciden. Lëtzebuerg ass awer e schwaarze Fleck op der Europäescher Landkaart. An ech woen ze bezweifelen, dass dat dorunner läit, dass Fraemord bei eis net existéiert.

E weidere Problem wieren och nach ëmmer déi sexistesch Stereotyppen, déi vun de Medie verbreet ginn. Méi thematiséiert misst och den Iwwergrëff op Meedercher a jonk Frae ginn.

Back to Top
CIM LOGO