Kloertext e Sonndeg op der TéléAniméierten Debat tëscht Schneider a Rommes

RTL Lëtzebuerg
De Minister an de Vertrieder vun der UEL schwätzen am Kloertext iwwer d'Produktivitéit an d'Verdeele vun de Gewënner vun der Produktivitéit.
VIDEO: Animéierten Debat am Kloertext
De Minister Etienne Schneider an de Jean-Jacques Rommes vun der UEL "streiden" am Kloertext iwwer d'Produktivitéit hei am Land.

Seet de Jean-Jacques Rommes nach, datt ee léiwer géif d'Produktiounsgewënner als Revenue verdeelen, an net als verkierzten Aarbechtszäit, well een d'Leit jo brauch, ass de Minister iwwerhaapt emol Frou, datt d'Patronat deele wëll.

Fir de Minister ass awer kloer, datt, egal op méi Loun bei gläicher Aarbechtszäit oder verkierzt Aarbechtszäit bei gläichem Loun, kann ee mam Patronat eng Léisung beim "Verdeele" fannen.

Kuckt déi ganz Emissioun vum Kloertext zum Thema "Aarbecht: "Wéi, wéini a wou (muer) schaffen" e Sonndeg den Owend géint 18.30 Auer op RTL Télé Lëtzebuerg oder am Livestream op RTL.lu.

LINK: De Livestream vum Kloertext

Back to Top
CIM LOGO