Reform am FleegesecteurANIL kritiséiert Gesetzesprojet als verpasste Chance fir Infirmièren a Patienten

Pierre Jans
D'ANIL kritiséiert de geplangte Gesetzprojet zur Reform vum Infirmièresberuff schaarf a gesäit dora keng wierklech Moderniséierung, mee weiderhi strukturell Problemer an ze vill Bürokratie.
Vu Moderniséierung kéint net rieds sinn, sou d’Anne-Marie Hanff iwwert déi geplangte Reform.
© Samantha Weber

ANIL kritiséiert Gesetzesprojet / Rep. Pierre Jans

Vu Moderniséierung kéint net rieds sinn – d’Associatioun vun den Infirmièren an Infirmieren ass iwwerhaapt net zefridden mam Gesetzprojet, mat deem hire Beruffsstand reforméiert soll ginn. Et géif nämlech guer näischt reforméiert ginn, beklot d’Presidentin vun der ANIL.

De Gesetztext wär zwar elo duebel esoulaang, ma e géif nach ëmmer net dat ofdecken, wat déi net spezialiséiert Infirmièren Dag fir Dag maachen, an och maache mussen, esou Anne-Marie Hanff, Presidentin vun der ANIL: “Hautdesdaags mécht d’Infirmière oft scho Saachen, wou et am Fong um Gesetz nach keng legal Basis gëtt, a wa mir eis wierklech dorunner géifen halen, wéi d’Gesetz ausgesäit an och, wéi déi nei Reform ass, da wär et net méi méiglech de Quotidien, wéi en am Moment ass, oprechtzeerhalen.”

Méi Kompetenzen a manner Bürokratie gefuerdert

Fir déi banaalst Traitementer muss eng Infirmière haut nach eng Ordonnance vum Dokter ufroen – eng administrativ Demarche no der anerer.

Méi ewéi en Drëttel vun der Aarbechtszäit vun enger Infirmière géif fir Pabeierkrom drop goen, bedauert d’Anne-Marie Hanff: “Jiddereen, dee kann einfach an d’Apdikt goen, wann en en Herpes huet an dann en Zofirax kafen oder wann en e Kapp wéi huet, da keeft en sech eng Dafalgan an e brauch dofir keng Ordonnance, mee eng Infirmière – an obwuel dat jo e Gesondheetsberuff ass, dee mëttlerweil souguer um Enseignement supérieur an op der Uni forméiert gëtt – déi däerf och no der Reform nach ëmmer net, ouni Prescription médicale, deen Zofirax notzen. Wa si dat mécht, a si huet keng Verschreiwung dofir, da mécht se sech dem Exercice illégal de la médecine schëlleg.”

D’Fro ass, wien d’Infirmièren do kleng hale wëll, respektiv déi pragmatesch Fortschrëtter bremst, sou d’Anne-Marie Hanff weider: “Mir héieren ëmmer nëmme vum Ministère, oh nee, dat kënne mer net maachen, an da gëtt als Argument geholl, d’Doktere wären dogéint, mee wann een einfach mat Doktere schwätzt, fannen déi esou Situatioune selwer absurd.”

Blockaden, falsch Prioritéiten an onkloer Kommunikatioun

D’Kommunikatioun mat der Santé an der zoustänneger Ministesch Martine Deprez wär op d’mannst onglécklech. Dat gëllt och, wat hir Pläng ugeet, fir en neie Beruff tëscht der Aide soignante an der Infirmière anzeféieren, de sougenannten Techniker.

Fir d’ANIL eng iwwerflësseg Iddi, sou d’Anne-Marie Hanff: “Eng Diskussioun, déi mer haten, dat war, jo, mee d’Infirmière, déi wäert jo elo reforméiert ginn, da kann déi herno méi maachen an dann iwwerschneit sech dat net méi sou vill. Mee vu dass bei eis elo bal näischt dobäikomm ass, gesi mir bei beschtem Wëllen net, wou deen Techniker do seng Roll herno soll um Terrain fannen.”

Manner gutt bezuelt, awer bal grad esouvill Attributiounen, ewéi eng Infirmière – d’Presidentin vun der ANIL freet sech, ob et dobäi net och ëm Spuermesuren geet.

D’ANIL fuerdert substantiell Ännerungen

Op alle Fall hofft d’Associatioun elo, dass d’Deputéiert sech fir si asetzen an hir Froe stellen. D’Anne-Marie Hanff mécht am Interview och däitlech, dass d’ANIL substantiell Ännerunge verlaangt an eng reforméiert Beruffsausübung mat méi Handlungsspillraum. Si seet: “Mir erwaarden eis, dass elo Fakte geschaaft ginn, dass eisen Avis an eis vill Propositiounen, déi mer gemaach hunn, endlech Gehéier fannen.”

Si zielt op eng laangfristeg, substantiell Reform, déi dem Beruff och an de nächste Jore Perspektiven bitt.

Back to Top
CIM LOGO