
D'Lëtzebuerger Regierung beréit onsen Informatiounen no am Moment iwwert d'Annonce aus Däitschland.
Aus Regierungskreesser verlaut de Message, datt zu all Moment Adaptatiounen un de Covid-Bestëmmungen hei am Land méiglech sinn.
Aktuell wier d'sanitär Situatioun zu Lëtzebuerg awer éischter positiv am Verglach mat de leschte Wochen. Souwuel d'Zuel vun Neiinfektiounen ewéi de Positivitéitstaux wiere méi niddreg ewéi déi lescht 7 Wochen.
D'Annonce aus Däitschland gëtt um Méindeg de Moien och an der Chamber Santéskommissioun a Presenz vun der Ministesch Paulette Lenert diskutéiert, sou de President vun där Kommissioun de Mars Di Bartolomeo op Nofro hin.
Aktuell sti keng nei Ännerungen um aktuelle Covidgesetz, deen dës Woch bis de 15. Januar verlängert gëtt, op der Dagesuerdnung.
Och hei heescht et awer, d'Chamber wier zu all Moment bereet ze handelen, wann d'Situatioun dat géing verlaangen. Esou oder esou gëtt en Dënschdeg iwwert d'Verlängerung vun de Covidmesuren ofgestëmmt.
Iwwerdeems an Däitschland d'Geschäfter vum 16. Dezember un zou sinn, si se hei am Land, mee och an der Belsch an a Frankräich op. Wéi déi däitsch Autoritéiten domadder ëmginn, steet nach net fest.
