Bis 2030 Verschwendung hallwéierenAnti-Gaspi-Campagne vum Landwirtschaftsministère

Christophe Hochard
Weltwäit hunn all Dag eng 735 Millioune Mënschen net genuch z'iessen. Bei eis dogéint fléie vill Liewensmëttel an d'Dreckskëscht.
Anti-Gaspi-Campagne vum Landwirtschaftsministère
Weltwäit hunn all Dag eng 735 Millioune Mënschen net genuch z’iessen. Bei eis dogéint fléie vill Liewensmëttel an d’Dreckskëscht.

Méi regional, méi saisonal a méi Bio. An op der anerer Säit manner Liewensmëttelverschwendung. Dat sinn d’Ziler vun enger neier Anti-Gaspi-Campagne, déi de Landwirtschaftsministère en Dënschdeg presentéiert huet.

Fir d’Leit a besonnesch d’Kanner an de Maison Relaise ginn et ënnert anerem Tipps, wéi ee manner Liewensmëttel verbëtze kann oder nach fir regional a saisonal Produite besser kennenzeléieren.

Nei Anti-Gaspi-Campagne / Reportage Chris Meisch

Kanner solle scho vu Klengem u léieren, vu wou d’Liewensmëttel hierkommen an esou och sensibiliséieren, ewéi ee mat de Liewensmëttel soll am Beschten ëmgoen.

De ganzen Educatiounsberäich wier dowéinst déi richteg Plaz, fir unzefänken, sou de Landwirtschaftsminister Claude Haagen. “Do ass et drëms gaangen, fir mat de Kanner selwer an de Maison Relaisen, an de Crèchen op eng spilleresch Aart a Weis d’Liewensmëttelverschwendung ze vermeiden, op eng spilleresch Aart a Weis awer och ze erklären, wat giess gëtt, wéi et hiergestallt gëtt.

Vun alles an allem 100 Gemengen hei am Land géingen der 37 bei dëser Campagne wëlle matmaachen. Virdru soll een awer un enger Formatioun deelhuelen, fir d’Kanner richteg opzeklären an och selwer ze wëssen, wéi ee sech richteg uleet. Dës Formatioune gi vum Ministere organiséiert an och finanziell ënnerstëtzt. Dat ënnert der Konditioun, datt d’Produiten, déi benotzt ginn, 50 Prozent National an zu zwee Fënneftel Bio sinn. Elisabeth bedeelegt sech och un der Anti-Gaspi-Campagne: an hiren Strukture gi pro Joer ronn eng hallef Millioune Platen preparéiert, erkläert den Direkter vun der Stëftung Michael Schenk.

Also mir haten 2021 15% Bio also duerchgoend an all eisen Strukturen, do louche ma ongeféier op 3 Euro 50 pro Menü pro Dag an 2022 si mir op 32% Bio an d’Luucht gaangen an do leie ma op 3 Euro 65, sou dass ongeféier 15 Cent pro Menü sinn, wou ma och d’Ënnerstëtzung vum Landwirtschaftsministere kritt hunn, fir den Gap bezuelt ze kréien.

D’Michelle Weber schafft fir Elisabeth an huet selwer un der Formatioun deelgeholl an eng jett dobäi geléiert. “Also vun der Formatioun selwer, wat gutt war, einfach wéi ee sech kann entwéckelen am Kachen. Dat heescht, mir sinn gewinnt, ëmmer fir sou vill Kanner ze kachen, et ass awer och mol flott, den Ënnerscheed ze gesinn op verschidde Saachen opzepassen, iergendwann huet een eng Routine dran an hei krut een eng Kéier gewisen, wéi een déi Routine kann ëmstrukturéieren, wat ganz interessant do war.

Den Ament géif ee 13.000 Platen an de Maison Relaisen pro Dag preparéieren. Antëscht wieren nach weider Acteuren un dës Projeten erugetrueden, dorënner Strukturen fir Senioren, Logement encadrés a verschidde Lycéeën. Am Landwirtschaftsministère geet een dowéinst dovunner aus, datt nach zousätzlech 15.000 Plate pro Dag wäerten dobäikommen.

Back to Top
CIM LOGO