Mat 3.568 Stëmme war d‘Fra aus Guinea-Bissau Drëttgewielt op der Lëscht vun de Sozialiste viru beschtbekannte Kandidaten, déi scho jorelaang matginn.
Hir Stëmmen ass si op den Terrain afänke gaangen. No bei de Leit, wéi d’Parteie jo all gär wären.
2008 koum si an d‘Land fir e bessert Liewen. Ma d‘Aarbecht an engem portugisesche Restaurant war haart. Duerno gouf si Botzfra. D‘Memberskaart bei de Sozialiste koum iwwer den Engagement bei der Gewerkschaft LCGB.
D’Iwwersiicht vun de Resultater aus der Stad fannt Dir hei.
De Pierre Jans war déi nei Stater Gemengeconseillère besichen.