
Am zweete Prozess ëm den Doud vun engem Mann am Abrëll 2014 gouf den Ugekloten am Nomëtten op der Cour d‘appel an der Stad „just nach“ zu 5 Joer Prisong veruerteelt. An 1. Instanz waren dofir nach 8 Joer Prisong gesprach ginn.
D’Affer war viru knapp 5 Joer am fréien Owend beim Nuetsfoyer vun der Wanteraktioun um Findel sou wittert de Kapp geschloe ginn, dass et ronn annerhallef Woch drop u senge Blessure gestuerwe war.