Réckgank vum Ofsaz vum Stol kompenséiertArcelorMittal huet am zweeten Trimester vun héije Verkafspräisser profitéiert

RTL Lëtzebuerg
Ënnert dem Stréch ass de Gewënn liicht zréckgaangen op 3,9 Milliarden Dollar.

Den Ëmsaz vum gréisste Stolkonzern an Europa ass tëscht Abrëll a Juni ëm 14,5% op 22,1 Milliarden Dollar geklommen. D’Bruttoresultat virun Zënsen, Steieren an Ofschreiwungen Ebitda louch bei knapp 5,2 Milliarden Dollar. Dat si gutt zwee Prozent méi wéi nach virun engem Joer. ArcelorMittal fäert, an den nächste Méint duerch déi aktuell onsécher Zäiten mat weidere Risiken bei der Nofro konfrontéiert ze sinn. De Krich an der Ukrain géif op d’wirtschaftlech Entwécklung drécken an d’Präisdeierecht weider undreiwen, wat dann nees géif d’Demande drécken. ArcelorMittal ass och direkt vum Krich betraff, well d’Entreprise virun der russescher Invasioun an der Ukrain aktiv war. Op laang Siicht weist ee sech awer optimistesch, datt Stol och an Zukunft gefrot ass.

ArcelorMittal huet donieft annoncéiert, de brasilianesche Produzent fir stole Placken CSP fir 2,2 Milliarden Dollar kafen ze wëllen. D’Iwwernam soll nach dëst Joer ofgeschloss ginn.

Back to Top
CIM LOGO