Faszinant Biller aus vergaangener ZäitArchiv-Material aus bal 100 Joer "Schueberfouer" zu Lëtzebuerg

Christophe Wantz
Et dréit sech heibäi ëm eng vun den eelsten Traditiounen zu Lëtzebuerg, dat well se bis an d'Mëttelalter zeréckgeet, méi genee bis an d'Joer 1340.
Archiv-Material aus bal engem Joerhonnert "Schueberfouer" zu Lëtzebuerg
Et dréit sech heibäi ëm eng vun den eelsten Traditiounen zu Lëtzebuerg, dat well se bis an d’Mëttelalter zeréckgeet, méi genee bis an d’Joer 1340.

Deemools huet de Jang de Blannen, de Kinnek vu Béimen a Grof vu Lëtzebuerg, den Datum vum traditionelle Brauch op de 24. August festgeluecht, den Dag vum Hellege Barthélemy.

Et ass déi gréisste Kiermes zu Lëtzebuerg an an der Groussregioun a gehéiert och zu de gréisste Kiermessen a ganz Europa. All Joers zitt d’Schueberfouer iwwer 2 Millioune Visiteuren un, also méi wéi 3 Mol sou vill Leit wéi Lëtzebuerg Awunner huet.

Déi eelste Filmopname stamen aus dem Joer 1931. An den 1930er-Jore gouf Weesekanner zu Lëtzebuerg en Dag op der Fouer offréiert. Sozial Stëftungen a Spenden hunn et erméiglecht, hinne Séissegkeeten ze kafen an d’Attraktiounen op der Fouer ze bezuelen.

Op dësen Opnamen ass esou eng Visitt op der Fouer vu Weesekanner aus dem Joer 1936 ze gesinn. Heibäi handelt et sech iwwregens ëm déi éischt faarweg Filmopnamen zu Lëtzebuerg.

1939 da war d’Schueberfouer voll am Gaangen, wéi den Zweete Weltkrich d’Kiermes op brutal Manéier gezwongen huet, seng Dieren zouzemaachen. Am besate Lëtzebuerg hunn déi däitsch Besatzer d’Schueberfouer réischt nees vun 1941 bis 1943 autoriséiert.

1944 gouf et zu Lëtzebuerg keng Schueberfouer, dat wéinst de Befreiungskämpf. An och am Joer 1945 war d’Atmosphär zu Lëtzebuerg nach net wierklech esou, dass konnt gefeiert ginn.

An den 1950er Joren dann ass de Krich an de Käpp vun de Leit scho wäit fort. Et gouf och vill gemaach, fir en ze vergiessen. Fligere bombardéieren net méi, mä ënnerhalen d’Kanner. Déi Kleng kënnen iwwregens ëmmer nach op richtege Ponye reiden. Dës ginn awer geschwënn duerch Holzpäerd ersat. Mir befannen eis matten an de sougenannten „Trente glorieuses“, also de Joren tëscht 1945 an 1975. Lëtzebuerg wëll déi schlëmm Zäiten hannert sech loossen an nees Spaass hunn.

An de 1960er-Jore ginn d’Attraktiounen dann ëmmer méi héich a méi séier. Eng nei Attraktioun gëtt den absolutten Hit, nämlech d’Knuppautoen. Et gëtt sech geflass, fir Spektakelen, wéi déi déckste Fra op der Welt, op der Fouer ze gesinn. Deemools huet dat kee Mënsch schockéiert.

An de 70er Joren ass d’Course ëm de Gigantismus weidergaangen, nei ëmmer méi grouss a séier Aachterbunne kommen esou lues an d’Spill, och wann déi traditionell Attraktioune sech ëmmer nach behaapte kënnen.

Tëscht den 80er-Joren an haut huet sech da relativ wéineg geännert. D’Schueberfouer ass a bleift wuel ëmmer e Mix aus Traditioun a Modernem. Also e wierklecht Spigelbild vun der Lëtzebuerger Gesellschaft.

Vun den 2000er-Joren un ass et da wierklech déi Schueberfouer, déi mer och haut kennen, mat enger 200 Attraktiounen op 4 Hektar Fläch. Dës Lëtzebuerger Traditioun, déi am leschte Joerdausend just e puer Mol wéinst grousse Kricher misst ausgesat ginn, huet dann am Joer 2020 eng weider Kéier missten op Äis geluecht ginn, dat wéinst der weltwäiter Pandemie.

Bei der Editioun 2021 gouf et nach Restriktiounen, ma spéitstens zënter 2022 ass nees alles beim Alen an an e puer Deeg geet déi 684. Editioun vun der Schueberfouer lass. Loosst d’Karusseller also nees dréien!

Quellen vun dem Video-Material

Biller aus den 30er-Joren: Archives CNA - Fong Bertogne
Biller vun 1945 : Archives CNA - Fong Hary Albert
Biller aus de 50er a 60er-Joren: Archives CNA - Fong RTL
Biller aus de 70er-Joren : Archives CNA - Fong Schneider

Back to Top
CIM LOGO