D'Police melltArrest, Abréch a Führerschäiner agezunn

RTL Lëtzebuerg
Virun allem am Süden an am Zentrum vum Grand-Duché hat d'Police e Sonndeg nawell genuch ze doen.

Géint der Mëtteg gouf der Police een Automobilist gemellt, dee mat sengem Gefier ënnerwee war, obwuel en ze vill gedronk hat. Hie konnt zu Bous gestoppt ginn an huet säi Fürerschäin missen ofginn.

Och zu Schëffleng gouf ee Permis agezunn. An der Rue de Kayl war e Sonndegowend ee Mann wéinst sengem onséchere Fuerstil opgefall. Och hien hat ze vill gedronk.

An der Rue de Luxembourg zu Esch war d’Police dann an der Nuecht vun e Sonndeg op e Méindeg op ee Chauffeur opmierksam ginn, well dësen opfälleg ënnerwee war. Den Alkoholtest war positiv an de Permis gouf agezunn.
Géint Mëtternuecht huet d’Police dann nach een Automobilist an der Stad kontrolléiert, dee kloer Unzeeche vun Alkoholkonsum opweises hat. Hie gouf mat op de Büro geholl, wou hien d’Beamte beleidegt an ageschüchtert huet. Och wann hien den Alkoholtest refuséiert huet, gouf ee provisorescht Fuerverbuet ausgestallt.

Géint 17 Auer gouf der Police iwwerdeems een Abroch an engem Lokal an der Rue Xavier de Feller zu Bouneweg gemellt. Dobäi gouf eng hëlzen Dier opgebrach an ee klenge Betrag Sue geklaut.

Kuerz virdru war et an der Rue Michel Rodange zu Esch zu engem Abroch an engem Eefamilljenhaus komm. Et goufe Wäertgéigestänn geklaut. A béide Fäll war d’Spueresécherung vun der Police op der Plaz. E Sonndegowend gouf der Police dann eng staark alkoholiséiert Persoun gemellt, déi d’Clientë vun engem Lokal an der Rue Bender belästegt huet. De Mann gouf vun de Beamten zur Ausniichterung an den Arrest bruecht.

Da mellt d’Police och nach 2 Incidente vum Samschdeg. Géint 15 Auer hunn an der Stad zwee Jugendlecher engem anere Jonken den Handy geklaut. Si goufe kuerz drop gestallt an zeréck an de Centre socio-éducatif op Dräibuer bruecht.

Géint 23 Auer konnte Beamten dann an der Stater Avenue de la Gare beobachten, wéi Droge verkaaft goufen. De Keefer gouf direkt gestallt an et gouf eng Kugel Kokain bei him séchergestallt. Kuerz drop gouf och de Verkeefer gestallt. Dësen hätt guer net op Lëtzebuerg areesen dierfen. Hie gouf op Uerder vum Parquet festgeholl an hat e Sonndegmoie Rendez-vous beim Untersuchungsriichter.

Dann ass et awer och nach d’Matdeelung, datt Leit mat Camping-Caren a Karawannen dës de 07. an den 11. Juli gratis vun der Police kontrolléiere loosse kënnen. Zil wier et, d’Zuel vun den Accidenter duerch Preventioun ze reduzéieren. Interesséierter kënnen de 07. Juli tëscht 15 an 19 Auer respektiv den 11. Juli tëscht 9 an 13 Auer mat hirem Gefier op 21a, Rue du Chemin de Fer op Bartreng kommen.

Back to Top
CIM LOGO