GriichelandMesserattack op zwee Touriste bei der Akropolis

Tom Nols
Kuerz no der Ouverture vum historesche Site sinn en Dënschdeg de Moien zwee US-amerikanesch Touriste vun engem onbekannte Mann ugegraff ginn.
Am Entréesberäich vun der Akropolis sinn zwee Touristen attackéiert ginn
Am Entréesberäich vun der Akropolis sinn zwee Touristen attackéiert ginn
© ANGELOS TZORTZINIS/AFP

Um 8:05 Auer, just nodeems d'Dieren op waren, sinn am Entréesberäich um Fouss vun der Akropolis zwee US-amerikanesch Touristen, déi griichesch Originnen hunn, vun engem onbekannte Mann mat engem Messer aggresséiert ginn.

Déi 48 Joer al Fra wier liicht un enger Hand blesséiert ginn, wärend hiren 53 Joer ale Mann méi schwéier un engem Bee blesséiert wier, heescht et vun de lokalen Autoritéiten. Allebéid si se an e Spidol bruecht ginn a wieren net a Liewensgefor.

Aenzeien haten observéiert, dass den Täter, deen eleng gehandelt huet, op d'Leit lassgaange wier, wéi se an der Schlaang stounge fir op den historesche Site gelooss ze ginn. Nodeems hien d'Fra ugegraff hat, war et hire Mann, deen den Aggresseur op de Buedem gehäit huet a mat Hëllef vu Passanten immobiliséiere konnt.

De ronn 60 Joer alen Täter, dee festgeholl ginn ass, soll psychesch Problemer hunn an ass der Police bekannt wéinst änleche Virfäll an der Vergaangenheet.

Back to Top
CIM LOGO