
Wéi et an deem Dokument, dat RTL virläit, heescht, misst d'Stater Gemeng als Exploitant vun der Beggener Kläranlag en Expertebüro dermat chargéieren, fir den Ëmwelt-Schued z'evaluéieren, deen duerch den net-kontrolléierten Oflaf vum verknaschte Waasser an der Uelzecht geschitt ass.
Wann dës Expertise virläit, misst d'Stater Gemeng d'Schied rembourséieren, sou d'Carole Dieschbourg, déi och vun der Entschiedegung vun de Proprietäre vun de Fëscherei-Louse schreift.
D'Ministesch freet och e geneeë Rapport, wéi et derzou konnt kommen, datt e Schieber vun der Anlag wärend engen 20 Stonnen opstoung, an datt alles misst ënnerholl ginn, dass esou en Dysfonctionnement an Zukunft verhënnert gëtt.
Dee Rapport muss der Ministesch no bis den 2. Oktober virleien, och muss bis deen Datum genee erkläert ginn, wéi eng technesch Mesurë geholl ginn, fir datt en Tëschefall, wéi vum 13. September, ka verhënnert ginn.
Hiren Arrêt huet d'Ministesch och un de Parquet weiderginn.
Schonn nom Tëschefall an der Installatioun zu Beggen hat et geheescht, datt misst eng "Sonde" installéiert ginn, déi d'Waasser kontrolléiert, dat an der Anlag gekläert gëtt, fir ze verhënneren, datt verknascht Waasser an d'Uelzecht leeft.
Bis d'nächst Woch muss dat also och fir den Ëmweltministère vun der Stater Gemeng dokumentéiert ginn.
D'Kläranlag zu Beggen ass déi gréissten am Land, gebaut fir 200.000 Leit. En Ausbau fir den Equivalent vu 450.000 Awunner ass an der Maach.