Froestonn an der ChamberASBLen, Fleegeheemer, Esch 2022, Ausbau vun der A31

RTL Lëtzebuerg
An der Chamber war en Dënschdeg de Mëtteg eng méi laang Froestonn. 10 Froe vun Deputéierten un déi zoustänneg Ministere stoungen do um Ordre du jour.

An der Chamber war en Dënschdeg de Mëtteg eng e bësse méi laang Froestonn. Ganzer 10 Froe vun Deputéierten un déi zoustänneg Ministere stoungen do um Ordre du jour. Ënnert anerem wollt den CSV-Deputéierte Laurent Mosar vum Justizminister Felix Braz wëssen, wéi gutt d’ASBL’en iwwert de Registre des bénéficiaires effectifs informéiert wieren, wou de Guide d’information dru wier, an ob all d’ASBL’en hire Flichte wärend de 6 Méint vum Register nokomm wieren. Do huet de Felix Braz gemengt, datt d’Gesetz een Delai vu 6 Méint huet, ier et a kompletter Vigueur applizéiert géif ginn. Donieft hätt ee versicht d’Prozedur esou einfach wéi méiglech ze gestallten, fir Identifikatiounspiècen ze deposéieren. Déi concernéiert Leit kéinte sech iwwert de Site vum Register informéieren. D’ASBL'en kriten och eng zweet Circulaire, déi méi spezifesch wier. Déi Circulaire soll d’nächst Woch fäerdeg ginn.

Eng aner Fro vum Sven Clement vun de Piraten huet sech mat de Präisser an de Fleegeheemer beschäftegt. Do huet d’Familljeministesch Corinne Cahen erkläert, datt d’Fleegeheemer autonom sinn, an deemno d’Präisser festleeën, ouni datt de Familljeministère do eng Handhab hätt, well dat gesetzlech net festgeluecht ass. Do soll awer méi Transparenz geschafe ginn. Et wier een un engem Projet de Loi am gaangen ze schaffen, wou ee Register um Internet virgesinn ass, wou all d’Informatioune sollen accessibel sinn. Och d’Pensiounspräisser, fir datt d’Leit d’Informatiounen einfach kënne vergläichen.

Och d’Kulturhaaptstad Esch2022 war wärend der Froestonn ee Sujet. Den Deputéierte vun Déi Lénk de Marc Baum hat do op d’Kritiken déi lescht Zäit higewisen. Si wier frou, datt elo geschafft géif ginn, huet d’Ministesch Sam Tanson an hirer Interventioun geäntwert. Si géif dofir bedaueren, wann een no hanne kuckt am Plaz no vir. Esch2022 wier ee wichtegen europäesche Projet, och fir déi lokal Institutiounen zu Lëtzebuerg. Déi ganz Opreegung géif si net verstoen. D’Ekipp fir d’Kulturhaaptstad hätt hiert vollste Vertrauen an hire Support, esou d’Sam Tanson.

Den Eugène Berger vun der DP huet dann den Ausbau vun der A31 opgeworf. D’Aarbechte fir den Ausbau vun der Diddelenger steet vun der Dier, ma wéi ass d’Situatioun op der franséischer Säit, freet den DP Deputéierten. Den Transportminister François Bausch huet do gemengt, datt d’Fransousen a Lëtzebuerger ofgesi vum Covoiturage op wéinege Punkten an der Planung vum Projet um selwechten Nenner stéingen. Eenegkeet wéini wat wou soll gemaach ginn, géif et net ginn. Bedauerlech, nennt dat de François Bausch. Dem Projet op Lëtzebuerger Säit géif dat awer keen Ofbroch dunn. Mir huelen eis Responsabilitéiten, esou de Minister. Et wier awer ausgeschloss, datt Lëtzebuerg sech um Projet vun der A31 um franséischen Terrain géif finanziell bedeelegen.

Den éischten, deen d’Responsabilitéit bei engem Sportsevenement dréit, ass den Organisateur. Ma beim Futtballmatch Etzella géint Jeunesse, wou et eng Kläpperei no der Partie gouf, hat dee scho Precautioune geholl, esouguer verschidde Buden op verschidde Säiten installéiert fir ze verhënneren, datt d’Supporter unenee ginn, huet de François Bausch an der Funktioun als Policeminister op d’Fro vum DP Deputéierte Gusty Graas geäntwert. Wärend dem Match ware 6 Polizisten am Asaz, plus d’Sécherheetsleit, déi den Organisateur engagéiert hat. Ma wéi d’Situatioun eskaléiert war, hu misste bal 50 Polizisten op den Terrain geruff ginn, zwee Poliziste wiere blesséiert ginn.

En Dënschdeg de Mëtteg gouf um Krautmaart dann och iwwert d’Zäitspuerkonten am Privatsecteur debattéiert. Detailer zu dësem Sujet ginn et hei.

 

Back to Top
CIM LOGO