Projet ugehollZäitspuerkonten och elo am Privatsecteur

RTL Lëtzebuerg
D'selwecht wéi am ëffentlechen Déngscht, kënne an Zukunft och d'Salariéen aus dem Privatsecteur d'Méiglechkeet hunn, d'Aarbechtszäit ze spueren.

Zäitspuerkonten am Privatsecteur: Reportage vum N.Gautier

Um Dënschdeg de Mëtteg gouf um Krautmaart iwwer d’Zäitspuerkonten am Privatsecteur debattéiert. Laang Zäit gouf schonn doriwwer diskutéiert, et koum een op kee grénge Zweig, ma elo solle se Realitéit ginn.

Zejoert goufen dës Konte jo fir d’Fonction publique gestëmmt. Mat den Zäitspuerkonte soll d’Privat- a Beruffsliewe vun de Salariéë besser verknäppt ginn, esou den LSAP-Politiker an Rapporter vum Gesetzprojet den Yves Cruchten.

Och d’Oppositioun CSV, an do den Aly Kaes hunn dës Avantagen ënnerstrach. Mat den ugesammelten Deeg, et kënnen dat maximal 1.800 sinn, sollen d’Leit Fräiheet kréien, mat den Deeg ze maachen, wat se wëllen, ob fir Fräizäitaktivitéiten oder och fir Familljenugeleenheeten.

Ma datt d’Zäitspuerkonten u Konditioune geknäppt sinn, géif verschidde Salariéen ausschléissen, hunn d’Pirate gemengt, an de Gesetzprojet net matgedroen.

De Projet gouf mat 58 Jo-Stëmmen zu 2 Enthalunge vun de Piraten an der Chamber ugeholl. An Zukunft sollen also déi Salariéen, déi an enger Entreprise op d'mannst 2 Joer schaffen, an déi an engem Kollektivvertrag sinn, respektiv an engem interprofessionelle Vertrag, Congé uspuere kënnen.

D’Zäitspuerkonten fir de Privatsecteur wier och positiv fir d’Betriber, wa vill Aarbecht ustéing, géif geschafft ginn, zu engem spéidere Moment kéinten d’Iwwerstonnen erageholl ginn.

Et war de fréieren Aarbechtsminister Nicolas Schmit, deen d'Initiativ geholl hat, d'Zäitspuerkonten och am Privatsecteur anzeféieren. Éier hien am Juni zejoert de Gesetzprojet deposéiert hat, goufen et eng sëllechen Diskussioune mat de Sozialpartner.

VIDEO: Punkt fir Punkt iwwert d'Zäitspuerkonten
No der Fonction Public kritt och de Privatsecteur elo e Gesetz, dat nach virun der Summervakanz soll gestëmmt ginn.

Back to Top
CIM LOGO