Eng Véiererkoalitioun ass Quatsch, en neit Gespenst vun der CSV, déi domadder hir eege Membere mobiliséiere wëll, dat sot um Freideg de Moien den LSAP-Fraktiounschef Alex Bodry bei eis op der Antenne. Hie war eisen Invité vun der Redaktioun.
Wann een dem Marc Spautz en Donneschdeg op der Neijoerschreceptioun vun der CSV nogelauschtert hätt, kéint ee mengen et wier geschwë Fuesent, Kapesëtzung-Stëmmung. D'CSV hätt wuel Angscht hir Membere bis d'Wahle bei der Staang ze halen. De Marc Spautz hat en Donneschdeg virun der Parteibasis vun enger Véiererkoalitioun, Gambia Plus déi Lénk geschwat.
Dem Alex Bodry no wier d'Koalitiounsfro fir déi nächst Wahle komplett op. Datt déi 3 Regierungsparteien net gemeinsam an dës Wahle ginn, wier normal. Et hätt een och zu zwou Parteie gemeinsam Bilanen ze verdeedege gehat an nawell wier een an der Vergaangenheet net mat enger Koalitiounsausso an d'Wahle gaangen. Firwat sollt et dës Kéier anescht sinn? D'LSAP hätt net méi Gemeinsamkeete mat enger DP wéi mat enger CSV. Dat wieren allebéid Konkurrenten. Fir d'Demokratie wier et batter néideg, datt d'Wieler bei den nächste Wahlen de klore Choix kréien, sou den Alex Bodry. Eng Demokratie géif och vun engem Austausch vun Argumenter liewen. D'Leit géife wësse firwat d'Regierungsparteien antrieden. D'CSV awer géif de Leit dat net soen.
Och fir den David Wagner sinn dem Marc Spautz seng Aussoen net richteg.
Burka: E globalen Accord zu deem ee steet
Beim Thema Burka, huet sech den LSAP-Fraktiounschef hannert de Regierungstext gestallt. Hie selwer wier am Ufank éischter fir e generellt Verbuet gewiescht. Antëscht plädéiert den Alex Bodry awer méi fir en nuancéierten Text, dee wier wuel méi konform och mat eiser Verfassung. Iwwerraschungen an der juristescher Chamberkommissioun wiere sech keng z'erwaarden vu Majoritéitssäit. "Hei ass e globalen Accord an ech mengen do steet jiddereen dozou", sou um Freideg de Moien déi knapp Äntwert vum LSAP-Fraktiounschef. De Laurent Mosar hat en Donneschdeg am RTL-Interview gesot, grouss Deeler vun der LSAP géife mat der CSV fir en allgemengt Vermummungsverbuet antrieden.
D'Diskussiounen iwwert d'Verfassungsrevisioun sinn an der Chamberkommissioun sou gutt wéi ofgeschloss. Am Fréijoer spéitstens wäerten d'Aarbechte kënnen ofgeschloss ginn. Eigentlech wier een also prett fir driwwer ofzestëmmen, sou den Alex Bodry. Dat wichtegst wier, datt de gemeinsame Projet "eng nei Verfassung fir Lëtzebuerg" op e gutt Enn bruecht gëtt a wann och net an dëser, an der nächster ugeholl gëtt.
Invité e Freideg de Moien um 10 op 8 war den LSAP-Fraktiounspresident.
Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis donneschdes um 10 op 8 op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op der App ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.