Zowaasch huet e ganz eegene Charme. En Duerf, dat u sech engem franséische Grof gehéiert huet, dem Fernand De Saintignon, deen an de Biergbau investéiert huet a sengen Aarbechter Haiser, e Kierfecht an eng Kierch opgeriicht huet. Dee Mann ass an de 1920er gestuerwen, mä Lasauvage lieft weider a schreift Geschicht. No Déifferdeng, wou den Äerzbëschof d'Kierch entweit huet, fir datt se dono konnt ofgerappt ginn, ass déi vun Zowaasch u sech déi éischt, déi "entweit" nach existéiert hei am Land, fir elo fir Kulturelles gebraucht ze ginn.
Se steet zu Lasauvage an engem neie Look, déi éischt entweiten, nees operstane Kierch am Grand-Duché. D’Resultat vu ronn zwee Joer Aarbecht an iwwer zwou Milliounen ass sober, net op räich getrimmt, mä einfach, sou wéi se ëmmer war. A plakeg fënnt de Vertrieder vum Bistum, de William Zanier, deen Diakon am Kordall ass.
"Wéi ech hei era komm sinn, krut ech e klenge Schock, well als Geeschtlechen, da gesäit een den Tabernakel, deen ass eidel, et ass kee Jesus do an et gesäit ee keng Statue vun Helleger, dat mécht eng gelungen Impressioun. D'Wierder vun der Madamm Ministesch oder vun der Buergermeeschtesch, dass dat lo eng wierdeg Affektatioun kritt, dat kann eis jo nëmmen erfreeën, dass dat lo net degeneréiert."
Effektiv, Statue si keng méi bannenan, wou déi hi sinn, wollt wou mir op der Plaz ware kee wëssen. Mä wéi gesot, dorëms geet et jo net a bis elo steet d’Bäerbel, also déi Helleg Barbara, ëmmer nach op där Plaz, wou se ëmmer stoung, als Patréinerin vun de Mineuren.
Deen, deen d’Zowaascher Kierch bezuelt huet, de Comte Fernand de Saintignon, ass net méi, ausser op enger vun de Fënsteren, mä d’Famill war beim Aweie vun den entweite Maueren dobäi.
"Je pense que si Fernand serait là, il serait particulièrement heureux de voir que son bâtiment continue et même qu'une nouvelle vie commence pour lui. Lui-même, je dis qu'il était très catholique et très attaché à la religion", esou de Jacques de Saintignon, Urgroussneveu vum Comte de Saintignon.
An elo kënnt et, den Urgroussmonni huet schrëftlech festgehalen, dass seng Bäerbelekierch no him nimools dierft fir net reliéis Zwecker benotzt ginn... An elo?
"Et huet eis och leed gedoen, dass mir senger Zäit keen Arrangement mam Bistum fonnt hunn, well mir och gewëllt waren hei zesummen ze cohabitéieren. Mir hätten eis Saachen gemaach, Expositiounen, wat mir och elo vir hunn an et hätt keen eppes dogéint gehat, wann do och een eng Mass gehalen hätt. A mir hätten dat och am géigesäitege Respekt kënne maachen, mä do war leider den Här Bëschof net d'accord an huet gesot hie géing da léiwer desakraliséieren." Esou den Tom Ulveling, éischte Schäffe vun Déifferdeng.
"Dohannen dru stellt sech och d'Fro vun der Notzung vun de Kierchen, déi net méi fir hier ursprénglech Zwecker benotzt ginn, well do de Besoin bëssen ofgeholl huet. An do ass et wichteg, dass mir an d'Gemenge sech Gedanke maachen. Och wat eng sënnvoll Notzung fir esou Gebaier ass." Dat fënnt d'Kulturministesch Sam Tanson.
Et wollt ee béides, et kritt ee just dat desakraliséiert. Eng Interpretatioun a contrario wier dat, seet de Bistum, keng Mass an enger desakraliséierter Kierch, dat wier eng Interpretatioun a contrario. "Mir hu jo eng Synode, déi elo ugefaangen huet, wou d'Leit kënnen hir Remarke bréngen, an dat wier z.B. eng vun deene Remarken, déi méiglech sinn, an dat gëtt dat gesammelt a weidergeleet. Nee et ass net, dass si mech elo geschéckt hunn, well si net wëlle kommen, dat ass ganz einfach, dass den Dechen am Pélérinage ass an e kënnt eréischt iwwermuer erëm, da kann en net hei sinn, voilà", seet den Diakon.
Mä am Endeffekt fënnt den Diakon, hätt den Härgott sech hei just verlagert vun der Kierch an d’Häerzer an d’Käpp vun de Leit. Vläicht gëtt La Sauvage jo dann e bësse méi gedam. Well verschidde Kierchevertrieder, wéi de Pater Flammang, stinn op Facebook carrement a Flamen.
Den Direkter vu Sites et Monuments plaidéiert, wann et ëm d’Zukunft vun de Kierche geet, fir eng Mixitéit. Als Déifferdenger läit dem Patrick Sanavia d’Ofrappe vun där Kierch um Mo. Den Äerzbëschof hat déi entweit a wollt keng aner Affektatioun zou loossen.
De Service des Sites et Monuments Nationaux ass bereet och an Zukunft un der Finanzéierung vu Kierchen deel ze huelen.