Wéinst der Kontrovers a Polemik ëm de Fonctionnement vum Luxembourg Science Center ginn et weider politesch Suitten. Den Online-Noriichteportal Reporter hat jo d’lescht Woch gemellt, datt den Direkter vum Science Center Nicolas Didier sech op Käschte vum Staat beräichert hätt.
Rieds geet ënnert anerem vu Mëssstänn, onduerchsichtegen Finanzstrukturen a Verstéiss géint d’Nidderloossungsrecht vum Déifferdenger Experimentéier-Zenter, dee staatlech bannent de leschte 5 Joer mat 21 Millioune subventionéiert gouf. Ënnert anerem geet rieds vun Reesen vum LSC-Direkter all Mount vun New York op Lëtzebuerg, fir déi am Endeffekt de Steierzueler opkomm ass.
All dëst huet de Piraten-Deputéierten Sven Clement op de Plang geruff, deen direkt 4 verschidden parlamentaresch Froen un d’Ministere Meisch, Delles, Tanson a Bofferding stellt. Alles an allem kréien d’Ministere 15 kritesch Froen gestallt iwwert de Fonctionnement a Finanzement vum Luxembourg Science Center, deen Reporter.lu als “Science for finance” ëmschriwwen hat.
Ewell en Dënschdeg hat d’ADR zu deem Sujet eng gemeinsam Sëtzung vun der Educatiounschamber- an der Budgetskontrollkommissioun a Presenz vum Bildungsminister Meisch gefrot. Op Nofro vu Journalisten haut sot de Minister Meisch, datt Een en Audit bei der Finanz-Inspektioun an Optrag ginn hätt:
“Konkreet si mir iwwert de Laf vum leschte Joer, ech mengen am Summer, informéiert ginn, datt et eng Rei vun Ongereimtheete géif ginn. Mir hunn dorops hin mat deene Responsabelen geschwat, dat huet sech net alles opgekläert an eisen Aen, dofir mer deen den Audit och do gemaach. Mir hunn zanter de leschte Joren eng enk Zesummenaarbecht mam Luxembourg Science Center gehat a wann et do mol eng Kéier punktuell Diskussioune gouf, da sinn déi och ëmmer gekläert ginn, datt dat den normale Fonctionnementsreegelen entsprach huet. Mir musse mengen ech elo kucken, wa mer dat do wëlle weiderentwéckelen, a mir wëllen et weiderentwéckelen, wat fir eng Gouvernance-Methode mer do imposéieren.”