
De Pierre Gramegna hat annoncéiert, datt ee vun engem Staatsdefizit vu 5 Milliarden Euro muss ausgoen, enger Rezessioun vu 6 Prozent an engem Chômagetaux vun 7,2 Prozent.
RTL NEWS: Lëtzebuerg ass gutt opgestallt, Optimismus trotz Rezessioun Et mussen elo déi richteg Mesurë geholl ginn, esou de Patrick Dury: De Chômage partiel muss verlängert ginn, och iwwer déi sanitär Kris eraus.
D'Kris, esou nach de President vum chrëschtleche Gewerkschaftsbond, dierf op kee Fall um Réck vun de Salariéën aus dem Privatsecteur ausgedroe ginn. D'Remunératioun muss verbessert ginn. Nodenke misst een och iwwer eng Cellule de Reclassement iwwer Travaux d'utilité publique, wéi an 70 an 80er Joren.
Den OGBL plädéiert fir Moossnamen, déi d'Kafkraaft vun de Leit ënnerstëtzen, och wann dat kéint bedeiten, datt den Defizit kuerzfristeg nach méi géif an d'Luucht goen, wéi dat, wat elo projezéiert géif. Längerfristeg hätt dat awer den Impakt, datt een net géif an eng Depressioun falen, déi iwwert méi eng laang Zäit unhält, esou de Frédéric Krier vum Onofhängege Gewerkschaftsbond. D'Wirtschaft géif och erëm méi séier lancéiert ginn, grad well d'Kafkraaft gestäerkt gëtt.
Frédéric Krier:"Do gesi mir natierlech Saachen dran, wéi eng Ënnerstëtzung um Plang vun de Léin, eng Erhéijung vum Mindestloun, duerch déi längst fälleg Upassung vum Kannergeld, déi een elo kënnt virhuelen. Dat ass jo schonn zënter 2006 net adaptéiert ginn. Mir hunn awer och Iddien, fir genau deene Secteuren ze hëllefen, déi elo hu missen zoumaachen a gläichzäiteg d'Kafkraaft ënnerstëtzen. Dat wieren zum Beispill Bons de consommation, déi un d'Stéit géife verdeelt ginn an déi ee grad do an deene Commerce kéint benotzen, déi elo hu missen zoumaachen oder eng staark reduzéiert Aktivitéit haten."
Den OGBL ass dann awer och, genee wéi den LCGB, dofir datt de Chômage partiel muss weider lafen.
