
E Passant hat dat ganzt gesinn an huet de Mann op d’Feier ugeschwat. Deen huet dat awer net appreciéiert an huet mat gestikuléierte Menacë reagéiert. Wéi d’Police op der Plaz ukomm ass, huet sech erausgestallt, dass de Mann e Lach an de Buedem gebuddelt hat, wouran en e Feier gemaach huet, fir säin Iesse waarm ze maachen.
De Mann stoung ënner Alkoholafloss an hat Problemer d’Riicht ze behalen. E war net kooperativ an huet sech gewiert, wou d’Polizisten e wollten immobiliséieren. De Mann huet doropshi mussen d’Nuecht um Policekommissariat verbréngen. Wéinst dem Feier an dem Dreck kënnt nach e Protokoll derbäi, wéinst dem Verstouss géint d’Naturschutzgesetz.