Géif de System net geschwënn reorientéiert ginn, fir de Beruff vum Dokter méi attraktiv ze maachen, géifen dem Land 2030 1.000 Doktere feelen. Konkret Iddien, fir esou engem uerge Mangel entgéintzewierken a parallel mat der Medezin souguer e weidert Standbee fir d’Lëtzebuerger Wirtschaft opzebauen, huet d’AMMD der Presse de Mëttwoch de Moie presentéiert.
Technologesch gesinn, géif de Beräich vun der Santé an den nächsten 10-20 Joer en enormen Opschwong erliewen. Lëtzebuerg misst sech d’Moyene ginn, fir do mat vir bäi ze sinn, esou de President vun der AMMD, den Dr. Alain Schmit.
"Wa mer eis gescheit an intelligent uleeën, kréie mer déi beschten Dokteren hei ugezunn a kënnen dorauser e richtege Pôle d’attractivité och fir aner Secteure schafen, déi do ronderëm dréinen."
Wierder, déi no Musek an den Ouere vum Wirtschafts a Gesondheetsminister Etienne Schneider klénge missten. Ma fir jonk ambitionéiert Dokteren unzezéien, bräicht et eng komplett medezinesch Formatioun am Land. Ausserdeem misst de System vun der staatlecher Konventioun iwwerschafft ginn, seet d’AMMD. Spréch d’Nomenclature, déi Tariffer a medezinesch Akte festleet, déi vun der Gesondheetskeess iwwerholl ginn. Dës wär nämlech net zukunftsorientéiert, esou d’Kritik.
"Dass am Moment déi modern Medezin einfach keng richteg Plaz kritt. Als Beispill ass d’preventiv Medezin an de Kannerschong. An dat ass awer e ganz wichtege Punkt, deen och muss am Kader vun enger konventionéierter Medezin muss iwwerschafft ginn.", betount den Dr. Alain Schmit.
Eng weider Piste wär, den Dokteren d’Méiglechkeet ze ginn, fir sech an enger Gesellschaft zesummen ze doen. Esou kéinte si sech besser organiséieren, Kompetenzen bündelen a parallel och d’Medezin am Land weider entwéckelen. Schlussendlech wär et just iwwer den Dokter, wou dem Patient eng nei Medezin kéint ugebuede ginn.
"Wann den Dokter an deene Strukturen, déi mer haut hunn, dat net kann developpéieren, well en d’Méiglechkeeten net kritt, well en d’Plaz net huet, well en d’Apparater net huet, d’Personal net huet oder d’Suen net huet, fir d’Material ze kafen, da bleift d’Medezin stiechen an et ass dat, wat mer haut feststellen.", esou nach eemol den Dr. Alain Schmit.
Schlussendlech gesäit d’AMMD dës Doktesch-Gesellschaften och als Méiglechkeet, fir déi ambulant Medezin ausserhalb vun de Spideeler ze entwéckelen. Fir all dës Pisten ëmzesetzen, waart d’Doktesch-Associatioun elo ongedëlleg op eng Invitatioun vun de Ministere Schneider a Schneider op de versprachene Gesondheetsdësch. An hofft, dass se eeschthaft d'Propos mat hinnen diskutéieren an dass een endlech e gescheiten Austausch kritt.