D'Spidol huet heiranner eng Virreiderroll gespillt. An Zäite vun der Corona-Kris hu se missen an der Clinique ëmdenken.
Zanter ugangs Mäerz ass am Escher Spidol aus der Palliativ eng Covid-19 Statioun ginn. 8 Better waren hei reservéiert fir Leit, déi palliativ Soine kritt hunn. Dës Patiente goufen elo op de Stack vun der Onkologie verluecht.
Wéini d'Palliativ Patienten zréck op hire gewinnte Stack zréckkomme kennen, hänkt vun der Dauer vun der aktueller Pandemie of.
Opootmen am CHL - Net-Covid-Patiente sollen nees méi an de Fokus réckelen RTL-News: Abléck an de Chem - Wéi gesäit a Corona-Zäiten den Alldag am Spidol zu Esch aus? RTL-News: Abléck an den Ettelbrécker Centre hospitalier - 9 Covid-19-Patiente leien aktuell hei op der IntensivstatiounRTL-Artikel: Exklusiven Abléck: De Kampf géint de Coronavirus am Spidol um Kierchbierg
