Abléck an de ChemWéi gesäit a Corona-Zäiten den Alldag am Spidol zu Esch aus?

Lynn Cruchten
"Mir haten d’Chance, dass mer net iwwerrannt goufe wéi d’Kolleegen am Ausland, mat enger ganz grousser Unzuel vu Patiente bannent kuerzer Zäit."
Wéi gesäit a Corona-Zäiten den Alldag am Spidol zu Esch aus?
"Mir haten d’Chance, dass mer net iwwerrannt goufe wéi d’Kolleegen am Ausland, mat enger ganz grousser Unzuel vu Patiente bannent kuerzer Zäit."

Dat sot den Nico Rinaldis, Coordinateur vun der Urgence am Centre Hospitalier Emile Mayrisch zu Esch.

D’Confinementsmesuren, déi fréizäiteg wéinst der Corona-Pandemie vun der Regierung decidéiert goufen, schéngen de Spideeler no gegraff ze hunn. Op alle Fall wier een an de Klinicken nach net un de Limitten ukomm, wat d’Better a Personal-Unzuel ubelaangt.

Am Chem zu Esch gouf wéinst der Ustiechungsgefor duerch den neie Coronavirus och villes ëmorganiséiert. D’Entrée vun der Urgence an den éischte Screening vun alle Patiente gëtt elo an der grousser Ambulancenhal gemaach. Vun do aus ginn d’Leit getrennt vuneneen an de gréngen oder de roude Secteur vum Spidol orientéiert. Deen ee riicht sech un all déi, déi keng Covid-19-Symptomer hunn, iwwerdeems am roude Beräich confirméiert Infizéierter a Verdachtsfäll behandelt ginn.

An der confinéierter Urgence gëtt dann och gekuckt, ob de Patient muss hospitaliséiert ginn. Dat ass virun allem de Fall, wann een Otemnout huet a Sauerstoff muss zougefouert kréien. Covid-19-Patiente ginn an der Reegel betreffend hire Symptomer behandelt, dat heescht d’Zoufüge vu Sauerstoff, Hydratatioun an Antibioticke gehéieren zum Haapt-Traitement. Dernieft kënnen awer och anti-viral Medikamenter wéi Hydroxy-Chloroquine agesat ginn. Am Chem huet ee bis ewell ganz gutt Erfarungen domat gemaach.

13 Persounen leien, Stand Donneschden Owend, am Chem zu Esch op der Covid-Intensivstatioun, dorënner 12 déi intubéiert ginn.

Anescht wéi an anere Spideeler ka sech d’Personal am Büro an an de Gäng virun den Zëmmeren, an deene Covid19-Patienten intensiv soignéiert ginn, nach relativ fräi beweegen. D’Zëmmere ginn nämlech bei negativer Pressioun bedriwwen, sou datt keng Viren erausginn an déi konform Schutzkleedung eréischt muss ugedoe ginn, wann ee bei de Patient erageet.

RTL-News: Abléck an den Ettelbrécker Centre hospitalier - 9 Covid-19-Patiente leien aktuell hei op der Intensivstatioun RTL-News: Exklusiven Abléck - De Kampf géint de Coronavirus am Spidol um Kierchbierg

Back to Top
CIM LOGO