PoliceAusernanersetzung zu Schieren, Abriecher zu Hollerech festgeholl

RTL Lëtzebuerg
Géint 22 Auer e Freideg krut d'Police gemellt, dass e Passagéier an engem Bus an der Rue de la Gare zu Schieren vu 4 Onbekannte géif ugegraff ginn.
© Laurent Weber / RTL Archivbild

D’Täter hätten de Bus verlooss a wiere geflücht. D’Affer gouf net blesséiert, wéi d’Police schreift. Et gouf eng Plainte deposéiert an Ermëttlunge lancéiert.

Da mellt d’Police och nach eng Partie Abréch.

E Freideg den Owend gouf ënner anerem zu Hollerech an der Rue de la Semois en Abroch géint 21 Auer gemellt. Den Täter konnt sur place festgeholl ginn a koum e Samschdeg de Moie virun den Untersuchungsriichter. Hien hat Bijouen an eng gréisser Zomm Sue geklaut.

Och zu Ettelbréck an der Rue Michel Rodange, zu Steeën an der Folkendengerstrooss an zu Käerch an der Stengeforter Strooss gouf an Haiser agebrach. An deenen 3 Fäll konnten d’Abriecher sech allerdéngs duerch d’Bascht maachen. Ermëttlunge goufe lancéiert.

Back to Top
CIM LOGO