PolicebulletinAusernanersetzungen zu Mompech an zu Déifferdeng

RTL Lëtzebuerg
Zu Déifferdeng gouf bei enger Kläpperei een Auto beschiedegt, dat well eng Persoun dowidder gefall ass.
Police
Police
© Police

Zu Mompech hat ee Buschauffer an der Nuecht op e Sonndeg um kuerz viru 4 Auer d'Police geruff, well et am Bus zu enger Kläpperei komm war. Wéi d'Police op d'Plaz komm ass, hat sech d'Situatioun nees berouegt a kee wollt méi Schléi agestach hunn. D'Police huet de Bus op sengem weidere Wee begleet, zu Ausernanersetzungen ass et awer net méi komm.

E Samschdeg den Owend gouf et géint 23.30 Auer zu Déifferdeng nach eng Kläpperei an respektiv baussent engem Café. Eng vun de bedeelegte Persounen ass dobäi wittert een Auto gefall an huet dëse beschiedegt. Wéi d'Police op der Plaz ukomm ass, haten d'Täter sech schonn duerch d'Bascht gemaach.

Back to Top
CIM LOGO