
Den zoustännege Minister François Bausch huet d'Prioritéiten am Regierungsprogramm presentéiert. Donieft huet hien awer och d'Philosophie versicht ze erklären, mat där ee virgoe wëll.
An déi Philosophie baut op de sougenannten Modu 2.0 op. Et geet drëm net méi ze plangen, wéi vill Autoen een zum Beispill op eng gewësse Plaz deplacéiert kritt, mä wéi vill Leit. D'Infrastruktur soll méiglechst effikass genotzt ginn. De Minister fir Mobilitéit an ëffentlech Aarbechten François Bausch erkläert:
"Dat bedeit zum Beispill dann och, datt mer eis iwwerleeën mat neien digitalen Techniken ze schaffen, datt een zum Beispill Spuere kann ëmswichten. Moies gëllt eng Spuer méi, fir eran oder fir eraus, wëll mer jo ganz vill Trafic zu de Spëtzestonnen hunn. Dat bedeit awer och d'Prioriséierung um normale Stroossereseau, fir ëffentlech Verkéiersmëttelen."
Vue datt vill Deputé-Mairen an der Chamber souzen, war et fir de Minister net verwonnerlech, datt déi all kéiers fir hir Regioun spezifesch Froen haten. Sou och den CSV-Deputéierten a Buergermeeschter vun Hesper Marc Lies, dee méi iwwert déi nei N3 gewuer ginn ass. Déi wäert an den nächsten 6 Méint an d'Consultation publique goen - "wat eng eng erfreelech Ausso ass."
Et wier awer nach vill ze dinn an do géing sech d'Fro stellen, wéi séier dat alles kann ëmgesat ginn. Dozou nach emol nach emol de Marc: "D'Entreprisen, d'Architekten an Ingenieure komme bal net méi no mat der Aarbecht. Dofir mengen ech, datt d'Projeten zwar wichteg sinn, mä wéi séier se ëmgesat kënne ginn, dat ass eng kruzial Fro, déi ee sech stelle muss."
Dem François Bausch no misst ee sech méi einfach Konditioune ginn fir ze schaffen:
"Ech wëll méi op 2 an 3 Schichten schaffen a w.e.g och wa Congé collectif ass, an de Wëllen an d'Bereetschaft ass do, datt ech d'Autorisatiounen méi kréien fir an där Zäit kënnen ze schaffen".
Et wier een a Punkto Mobilitéit an engem Ausnamezoustand an dofir misst ee sech och Ausnamereegelunge ginn, huet de Minister nach ënnerstrach.