
“Et ass keen, dee kann zefridde sinn, jiddereen huet Bauchwéi", dat seet den CSV-Europadeputéierten Christophe Hansen zum Brexit. Allerdéngs wier et besser een Accord ze hunn, wéi iwwerhaapt keen, esou den Invité vun der Redaktioun vun dësem Méindeg.
Wichteg Punkte wieren d'Garantië vu Rechter fir d'Bierger, zum Beispill fir Leit déi schaffen oder studéieren, och a punkto Migratioune gëtt et Engagementer.
Wat en Handelsofkommes ugeet, geet de Christophe Hansen dervunner aus, datt d'Iwwergangsphas kéint verlängert ginn.
Och fir Europa wier e gutt Handelsofkommes ganz wichteg, plazeweis hänkt een an Europa staark vu Groussbritannien of, zum Beispill an der Textilindustrie a Flandern.
Vu Lëtzebuerger Säit aus wier et wichteg, datt an den aktuelle Koalitiounsverhandlungen déi richteg Weiche gestallt gi fir Acteure vu London unzezéien.
D'Pro-Brexit Leit hu villes versprach, wat se net kënnen halen. Eent ass sécher, europäesch Normen wäerten och an Zukunft op der Insel gëllen, ouni awer datt d’Britten dës Säit vun der Manche mat um Dësch sëtze fir Decisiounen ze huelen.
De Christophe Hansen ass der Meenung, datt en éischte Vote am briteschen House of Commons net duerchkënnt, et wäerten eventuell vill Motioune ginn.
D'Theresa May kéint awer politesch iwwerliewen, Neiwalen an och en zweete Referendum sinn an den Aen vum CSV-Europadeputéierten zimlech onwahrscheinlech.
D'Europaparlament misst dem Deal vun e Sonndeg jo och nach zoustëmmen, seet de Christophe Hansen nach.
Op d'Europawalen ugeschwat, sou seet den nach neien EU-Parlamentarier, datt hien natierlech gewëllt wier, fir nach eng Kéier ze kandidéieren. De Georges Bach hätt jo annoncéiert, datt hien dat net méi géing maachen. De Christophe Hansen mengt, datt de Fränk Engel et nach eng Kéier wësse wéilt. Och de Luc Frieden hätt sech rezent renseignéiert an hätt Interessi. Ma definitiv Decisioune wien op der CSV-Europalëscht wäert stoen, ginn awer eréischt am Januar geholl.
London a Bréissel hunn e Brexit-Deal ausgeschafft. Mir hunn e Méindeg de Moie mam CSV-Europadeputéierte Christophe Hansen d'Analys gemaach.
Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides kuerz no 8 Auer op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op der App ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.