
Dat huet d'Presidentin vun der FNFL, d'Astrid Lulling, e Méindeg de Mëtteg annoncéiert. Et kéint een d'Argumenter, firwat d'FNFL ausgeschloss gouf, net novollzéien an et wéilt een dat elo vum Geriicht annuléiere loossen. Hannergrond ass ënnert anerem en Tëschefall bei engem net-ëffentlechen Treffe vum Fraerot mat der Grande-Duchesse am Summer.
Hei koum et, der Astrid Lulling no, zu enger Meenungsverschiddenheet, bei där si ganz diplomatesch gewiescht wier. Dee Moment selwer hätt och kee vun deenen anere Memberen aus dem Fraerot eppes zu hir gesot. Si hätt nëmme wëllen d'Monarchie schützen an hätt fonnt, d'Grande-Duchesse dierft net soen, datt d'Situatioun vun de Fraen zu Lëtzebuerg katastrophal wier.
Dat géif d'Aarbecht vu ville Fraen diskreditéieren. Den CNFL hätt nämlech keng Beweiser fir seng Accusatiounen. Och de Virworf, Member aus der FNFL hätte confidentiel Informatioune weiderginn, gouf e Méindeg de Mëtteg dementéiert.
Nodeems d'FNFL aus dem Fraerot ausgeschloss gouf, hätt ee sech vun engem Affekot berode gelooss, esou d'Astrid Lulling:
"Eis Memberen hunn haut beschloss, dass mer viru Geriicht ginn an dat ukloen. Mir maachen eng "Assignation devant le tribunal d'arrondissement Luxembourg siègeant en matière civile", well mir kënne Recours beim Conseil national des femmes maachen. Et ass an hire Statute kee Recours virgesi géint eng intern Decisioun, ergo musse maache mer e Recours viru Geriicht maachen. An et ass esou, dass mir d'Geriicht bieden, ganz einfach, hir Decisioun z'annuléieren."
Den nationale Fraerot wëll op eis Nofro hin net weider op d'Decisioun vun der FNFL agoen. Et hätt een d'FNFL-Presidentin Astrid Lulling dacks genuch op Reuniounen invitéiert, op deenen een iwwert alles hätt kënne schwätzen, ma si hätt net wëlle kommen. Et wéilt een déi Diskussioun elo net an der Ëffentlechkeet féieren. Fir den CNFL wier den Dossier eigentlech ofgeschloss.
D'FNFL ass eng Fraenassociatioun, déi et zanter de 60er Jore gëtt an déi haut reegelméisseg Konferenze mat Mëttegiessen organiséiert. Si zielt, dem Virstand no, ronn 120 Memberen.
RTL-Artikel: D'Grande-Duchesse huet „gepinscht“, sou d’Astrid Lulling