Invité vun der Redaktioun (26. Februar) - Xavier Bettel"Mäin Häerz versteet, wann een d'Ukrain verléisst"

Carine Lemmer
En Donneschdeg de Moie waren den Ukrain-Krich an de Lëtzebuerger Pass Theemen an der Emissioun "Invité vun der Redaktioun".
Invité vun der Redaktioun: Xavier Bettel
Den Invité vun der Redaktioun vu méindes bis freides moies géint 8h00 am Studio vun RTL Radio Lëtzebuerg.

D’Häerz versteet, wann een d’Ukrain verléisst an d’Gehier seet, si ginn och do hanne gebraucht. Sou reagéiert den Ausseminister a Vizepremier Xavier Bettel op déi aktuell Debatt, ob ukrainesch Männer solle Schutz zu Lëtzebuerg oder an der EU sichen, amplaz an hirem Land ze kämpfen. Hie war en Donneschdeg de Moien eisen Invité vun der Redaktioun

Den Inneminister Léon Gloden hat leschte Freideg am RTL-Interview gemengt, dat wär scho “komesch”. An och d’Verdeedegungsministesch Yuriko Backes huet e Samschdeg gesot, si géif do och e Problem gesinn. De Xavier Bettel mengt, dat wär keng einfach Decisioun. Wann hie misst muer an de Krich anzéien, wär seng Motivatioun och net grad déi gréisst.

D’Decisioun géif bei den Ukrainer leien, fënnt den Ausseminister. Wann d’Land eng Demande bei der EU géif maachen, fir jonken ukrainesche Männer keng temporär Protektioun méi ze ginn, da sollt een deem nokommen. Déi Demande gëtt et aktuell awer net. En anere Sujet am Interview war de Lëtzebuerger Pass. Dee war och Thema am leschte Sonndesinterview. Do war Rieds iwwer déi vill “Nei-Lëtzebuerger” a Brasilien, Argentinien oder den USA.

Liest dozou och dëse Sujet:

Een Drëttel vun de Lëtzebuerger lieft am Ausland

Ronn een Drëttel vun de Lëtzebuerger lieft den Ament am Ausland. Vun de 526.000 Lëtzebuerger liewen der 157.0000 am Ausland. Virop a Frankräich, Brasilien, Belsch, Däitschland an an den USA. D’Demande nom Lëtzebuerger Pass ass besonnesch staark a Brasilien an an den USA. Do ginn et vill Leit mat Lëtzebuerger Wuerzelen, well fréier d’Lëtzebuerger massiv dohinner ausgewandert sinn. “Dir wäert erstaunt”, huet de Xavier Bettel gemengt, “déi Leit si méi Lëtzebuerger wéi mir”. Mir hätten haut Buergermeeschteren a Brasilien mat Lëtzebuerger Pass. Déi maache Promotioun fir Lëtzebuerg a wéilten de Grand-Duché besiche kommen.

Wéi geet ee mat de Lëtzebuerger am Ausland bei de Walen ëm?

Mir musse méi enk mat där Communautéit zesummeschaffen, fuerdert den Ausseminister a Vizepremier. Theoretesch kéinten och zegdausend Nei-Lëtzebuerger vum hirem Walrecht Gebrauch maachen an dat kéint en Impakt op d’Walen an d’Resultat hunn. D’Lëtzebuerger am Ausland ginn iwwregens all zum Bezierk Zentrum gezielt.

De Xavier Bettel mengt dowéinst, et misst ee sech d’Fro stellen, wéi ee mat de Lëtzebuerger am Ausland ëmgeet. Et géif e puer Méiglechkeete ginn. Et kéint een et esou lafe loosse wéi bis ewell. Et kéint een eng Conditioun aféieren, datt een op d’mannst 2 bis 3 Joer muss zu Lëtzebuerg gewunnt hunn. Et kéint een och eng Circonscriptioun vun de Lëtzebuerger am Ausland maachen. Dat heescht, datt et een Deputéierte géif ginn, deen déi vertrëtt. Oder et kéint een hinnen d’Walrecht ewechhuelen, sou de Xavier Bettel, mä da géifen och Leit a Frankräich oder Däitschland z.B. d’Walrecht verléieren.

Lëtzebuerger Pass, deen 10 Joer gëllt, soll dëst Joer kommen

Nach gëllt hei am Land de Pass jo 5 Joer. Et gëtt awer dru geschafft, dat op 10 Joer eropzesetzen. Am Ausseministère wär d’Aarbecht gemaach, lo missten nach technesch Detailer gekläert ginn, well de Pass muss jo international Sécherheetsnorme respektéieren.

All Joer kommen tëscht 55.000 a 60.000 Demanden d’Joer fir nei Päss eran. Wann d’Validitéit vu 5 op 10 Joer eropgeet, wier dat eng Win-Win-Situatioun fir d’Bierger a fir d’Verwaltungen.

Invité vun der Redaktioun: Xavier Bettel

Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 8 Auer op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op RTL Play ass d’Emissioun dono och am Replay ze fannen.

Back to Top
CIM LOGO