15 nei Petitiounen onlineVerkaf vun Hamstere soll verbuede ginn, Adaptatioun vu Schoulvakanzen an iwwerdaacht Äispist am Norden

RTL Lëtzebuerg
Zanter en Donneschdeg de Moie si 15 nei Petitiounen online, déi bis den 8. Abrëll op d'mannst 5.500 Ënnerschrëfte musse beienee kréien, fir dass et zu engem ëffentlechen Debat an der Chamber kënnt.
Bei den neie Petitioune geet et nees vu bis
© RTL Grafik (Symbolbild)

D’Fuerderunge vun de Petitionäre ginn nees vu bis. Ënnert anerem ginn dräi nei Klinicke gefrot: Eng zu Klierf, eng zu Veianen an eng zu Gréiwemaacher
D’Schoulvakanze sollen adaptéiert ginn, mat enger Woch manner am Summer, dofir enger méi am Wanter. D’Garde partagée vun de Kanner am Fall vun enger Scheedung soll de Normalfall ginn. Eng besser Protektioun vun Immobilien-Agenten, déi eleng um Terrain ënnerwee sinn, gëtt gefrot.
Och de Verkaf vun Hamstere soll verbuede ginn an et gëtt eng iwwerdaachten Äispist am Norde vum Land gefuerdert.

Den Iwwerbléck vun de eenzele Petitioune fannt Dir hei.

Back to Top
CIM LOGO