
Beim Kichebrand zu Habscht géint 16.45 Auer e Mëttwoch am Nomëtteg waren d’Rettungsdéngschter vu Réiden a Stengefort am Asaz. Ma och d’Pompjeeë vun Habscht, Mamer, Stengefort a Biekerech waren op der Plaz, wéi och de Samu Nord. Detailer iwwer Blesséierter ginn et keng.
Dann hat et nach op zwou Plazen am Land gerabbelt. Dat eemol um 18.25 Auer zu Réimech. Do hate sech zwee Ween ze pake kritt an et gouf eng Persoun verwonnt. Dräi Blesséierter gouf et géint 21.30 Auer op der Aire de Berchem. Do war e Won an de Gruef geroden.
Gebrannt hat et e Mëttwoch dann och nach am Rollengergronn. Do hat eng Roulotte an enger Wiss Feier gefaangen.
Ma och am fréieren Donneschdegmoie koum et zu Accidenter op eise Stroossen. Géint 5.40 Auer gouf et op der A13 tëschent dem Tunnel Markusbierg a Munneref eng Kollisioun tëschent engem Camion an zwee Autoen, woubäi zwou Persoune verwonnt goufen. D’Secouriste vu Réimech, Diddeleng, Schengen a Munneref waren op der Plaz. Tëschenzäitlech hat et och massiv gestaut, dat op bis zu 5km.
Eng gutt hallef Stonn méi spéit dann en Accident op der Rouder Bréck an der Stad: Hei ass en Auto géint e Potto gerannt, woubäi eng Persoun verwonnt gouf. D’Stater Secouriste waren am Asaz.