
Et ass kengem eppes geschitt. D'Pompjeeë vun Angelduerf hunn d'Feier geläscht.

En Accident mat 2 Blesséierte gouf et géint 6.25 Auer zu Esch an der Rue Joseph Kieffer. Hei gouf et eng Kollisioun tëscht 2 Gefierer. Zwou Ambulanze an den Asazzenter vun Esch waren op der Plaz.
Géint 7.40 Auer ass tëscht Schëndels a Gousseldeng en Auto op der Säit gelant. 1 Persoun gouf verwonnt. D'Ambulanz an den Asazzenter vu Lëntgen waren op der Plaz.