
Zu Beetebuerg bei der Kierchplaz koumen e Motocyclist an en Auto net laanschteneen. Eng Persoun gouf blesséiert a vun de Rettungsdéngschter vun Diddeleng a Beetebuerg versuergt.
Op der N5 tëscht Schuller a Käerjeng koum en Automobilist vun der Strooss of an ass mat sengem Gefier frontal an e Bam gerannt. De Chauffer gouf schwéier blesséiert a koum no enger Éischtversuergung an d’Spidol, wou hien huet missen noutoperéiert ginn. Am Asaz waren de Samu vun Esch, d’Pompjeeë vun Dippech an d’Ambulanz vum Sadiff.
Géint 20.15 Auer krute sech tëscht der Wuelesser Déckt a Weiler zwee Ween ze paken. D’Rettungsdéngschter vun Housen, Clierf an der Nordstad hu sech ëm déi zwee Blesséiert gekëmmert.
An och um Riesenhaff an der Zon Industriell goufen zwou Persoune bei enger Kollisioun tëscht zwee Autoe blesséiert. D’Ambulanze vu Réiden a Wolz, grad ewéi d’Pompjeeë vu Rammerech waren am Asaz.
E Mëttwoch géint 9.46 Auer ass um CR158 tëscht der Kockelscheier a Réiser en Auto an e Bam gerannt. Eng Persoun gouf blesséiert. Op der Plaz waren d’Rettungsdéngschter vu Keel an aus der Stad.