
Eng Persoun gouf dobäi blesséiert. Op der Plaz waren d'Ambulanz an den Asazzenter vu Lëntgen, de Samu vun Ettelbréck, grad wéi den Asazzenter vu Miersch.
Kuerz virun 11 Auer gouf et zu Stengefort en Accident, bei deem e Cyclist vun engem Auto ugestouss gouf. 1 Persoun gouf blesséiert. D'Pompjeeë vu Steesel an d'Ambulanz aus der Stad waren op der Plaz, heescht et am Bulletin vum CGDIS.