Streck geraumtAuto géint Bam tëscht Keel a Schëffleng

RTL Lëtzebuerg
Wéi d'Police mellt, war kuerz no 8 Auer en Auto um CR166 tëscht Keel a Schëffleng accidentéiert. Eng Spuer war blockéiert.
© Domingos Oliveira / RTL

RTL-Informatiounen no gouf de Chauffer vum Gefier beim Accident blesséiert an an d’Spidol bruecht. Den 112 confirméiert a sengem Bulletin, datt eng Persoun beim Accident blesséiert gouf.

Op der Plaz waren d’Rettungsdéngschter vun Esch-Uelzecht a Schëffleng.

Donieft mellt de CGDIS en Accident op der A7 a Richtung Stad op der Héicht tëscht dem Waldhaff an dem Grunewald, bei deem dräi Autoen am Coup waren. Véier Persoune goufe bei der Kollisioun blesséiert, vun deenen zwou Persounen, wéi d’Police schreift, fir eng Kontroll an d’Spidol koumen. D’Streck war fir ronn eng Stonn gespaart.

Am Asaz waren d’Rettungsdéngschter vu Lëntgen, Mäertert, Nidderaanwen a Luerenzweiler, grad ewéi aus der Nordstad an der Haaptstad.

E weider Blesséierte gouf et bei enger Kollisioun tëscht zwee Ween um CR321 tëscht Dol an Nacher. D’Ambulanciere vu Wolz an d’Pompjeeë vu Géisdref waren op der Plaz.

Bei enger Kollisioun an der Escher Strooss an der Stad war keng Persoun verwonnt ginn. Hei waren d’Rettungsdéngschter aus der Stad am Asaz.

Weider hat zwee Mol e Gefier op eise Stroosse gebrannt. Kuerz virun 9 Auer hat zu Alzeng an der Diddenuewener Strooss en Trakter gebrannt. Op der A13 a Richtung Schengen tëscht Fréiseng an dem Fréisenger Tunnel stoung géint 10.20 Auer e Camion a Brand.

Back to Top
CIM LOGO