
Ee Chauffeur war mat sengem Gefier an eng Mauer gerannt.
Kuerz virun Hallefnuecht war op der A4 Direktioun Esch een Automobilist mat sengem Won an d'Leitplanke gerannt. Hei ass kengem eppes geschitt.
Géint 19.30 Auer hate sech an der Dikrecher Strooss zu Bollenduerf-Pont en Auto an ee Moto ze pake krut. Och hei gouf kee blesséiert.
Zu Beetebuerg an der Rue Michel Lentz war e Sonndeg den Owend géint 20.45 Auer Holz a Brand geroden. D'Pompjeeë vu Beetebuerg waren op der Plaz.