
Um CR137 hat sech en Auto iwwerschloen an ass e puer Meter déif e Rampli erofgerutscht. Op der Plaz huet d’Police allerdéngs keng Persounen ugetraff. Eng Sichaktioun mat Helikopter a Sichhënn gouf lancéiert, fir méiglech Blesséierter ze fannen, allerdéngs ouni Erfolleg.
Wien den Accident gesinn huet oder aner Informatiounen huet, soll sech bei der Police Iechternach melle via Telefon 244 72 1000 oder E-Mail (police.echternach@police.etat.lu).