
Tëscht der Fligerbréck an der Sortie Mënsbech war en Auto op d'Kopp gaangen, zwou Spure waren doropshi blockéiert. Just op der Pannespur goung et laanscht, wat direkt zu engem Stau gefouert huet.
Um 16 Auer war deen ewell 5 Kilometer laang, kuerz drop esouguer 7.
Géint 16.30 Auer goung eng Spur nees op, e bësse méi spéit och déi zweet, esou datt de Stau sech dunn nees opgeléist huet.
Trafic-Informatiounen op RTL.lu.Am Stau haten d'Automobilisten eng Rettungsgaass gebilt.
Op der Plaz waren d'Pompjeeën aus der Stad a vun Nidderaaewn, Ambulanzen aus der Stad a vu Lënster, d'Police an d'Ponts et chaussées.

Scho virum Accident hat et op der Tréierer gestaut: Wéinst engem Chantier op der A1 a Richtung Tréier tëscht Mënsbech a Fluessweiler war do d'Iwwerhuelspur gespaart an de Stau, deen dat provozéiert hat, war mat Amenter 5 Kilometer laang.